Dat huet d'Spillerin vum T71 Diddeleng en Donneschdeg den Owend op Instagram annoncéiert.

D'Isi Etute spillt d'nächst Saison an den USA a verléisst domat Lëtzebuerg fréizäiteg. Wéi si op Instagram matdeelt, huet déi 16 Joer al Nationalspillerin sech dozou entscheet, fir d'nächst Saison op der "IMG Academy" a Florida an d'Schoul ze goen a Basket ze spillen. Duerno soll d'Karriär op engem College an den USA weidergoen.

Mat 16 Joer huet d'Lëtzebuergerin sech schonn international en Numm gemaach an eng Rei vu Colleges sinn un der Spillerin vum T71 Diddeleng interesséiert.