Fir de Lëtzebuerger ass et déi zweet Qualifikatioun bei engem Grand-Slam-Tournoi.

No senger Première bei de French Open am Mee start de Chris Rodesch am Juni beim nächste Grand-Slam-Tournoi. Den 23 Joer alen Tennisspiller start an der Qualifikatioun vu Wimbledon. Dës start den 23. Juni. Op wien de Rodesch trëfft, gëtt hien den 22. Juni gewuer, dann ass d'Auslousung.

Bei de French Open zu Paräis war de Chris Rodesch am 1. Tour vun der Qualifikatioun vum Fransous Ugo Blanchet eliminéiert ginn.