D'Bayern hunn domadder direkt fir e Rekord gesuergt. Nach ni huet e Veräin bei enger Club-WM esou héich gewonnen.

Den FC Bayern huet e Sonndeg den Owend mat enger engagéierter Virstellung säin Optakt bei der Club-WM géint den Underdog Auckland City souverän gewonnen. Beim 10:0 (6:0) géint den 13-fache Gewënner vun der ozeanescher Champions League aus Neiséiland ass dem Kingsley Coman den éischte Gol gelongen. Nieft dem Coman (6', 21') hunn och nach de Boey (18'), den Olise (20', 45'+3), de Müller (45', 89') an de Musiala mat engem Hattrick (68', 73'/Eelefmeter, 84') fir d'Ekipp vum Trainer Vincent Kompany getraff. De Müller ass den éischte Spiller, dee bei enger Natiounen- an enger Club-WM getraff huet an et war säin 250. Gol fir d'Bayern an engem offizielle Match.

Weider geet et fir den FC Bayern an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg. Déi Münchener treffen am Grupp C um 3 Auer (MEZ) op d'Boca Juniors.

Direkt um zweeten Dag vun der Club-WM ass et e Sonndeg den Owend eiser Zäit zu engem europäeschen Top-Duell am Grupp B komm. Paris St. Germain huet a sengem Optaktmatch bei der Club-WM do weider gemaach, wou een an der Champions-League-Finall vu München opgehalen huet. Bei der 4:0-Victoire (Fabian 19', Vitinha 45'+1, Mayulu 87' an K.-I. Lee 90'+7/Eelefmeter) géint Atlético Madrid huet de PSG mat engem flotte Kombinatiounsspill iwwerzeegt. Um Enn ass d'Victoire eventuell een Tick ze héich ausgefall, well an der zweeter Hallschent huet Atlético däitlech besser dogéint gehalen an hat beim Alvarez-Gol, deen zeréckgeholl gouf, wéi der honnertprozenteger Chance vum Sörloth och Pech.

Am zweete Match am Grupp B gouf et e Méindeg de Moie fréi eiser Zäit eng 2:1-Victoire fir Botafogo aus Brasilien géint d'Seattle Sounders aus den USA.

Am Grupp A ass nom 0:0 tëscht Inter Miami CF an Al Ahly och déi zweet Partie mat engem 0:0-Remis op en Enn gaangen. Weder Palmeiras aus Brasilien nach dem FC Porto aus Portugal ass an den 90 Minutten e Gol gelongen.

All d'Tabellen am Iwwerbléck