England verléiert géint d'"Hand Gottes"

© SVEN SIMON / picture-alliance / dpa Picture-Alliance via AFP
An der Véierelsfinall vun der Futtball-WM 1986 gewënnt Argentinien géint England. Den Diego Maradona schéisst dobäi zwee legendär Goler.
Am Aztekestadion zu Mexiko-City sti sech England an Argentinien géintiwwer. D'Stëmmung ass ugespaant - net just well an der Mëttesstonn bei ze héijen Temperature gespillt gëtt. Net just well et ëm eng Plaz an den Halleffinalle geet. Béid Natioune fleegen zanter Joerzéngten eng batter Rivalitéit. An, véier Joer méi fréi hate béid Länner Krich gefouert ëm d'Falklandinselen. Virun der Partie kënnt et zu Kläppereien tëscht de Fans. 114.580 Spectateure ginn duerno awer aus sportleche Grënn Zeie vun enger besonnescher Episod an der Futtballgeschicht.
Mat der Hand vu Gott
Wéinst der grousser Hëtzt ass de Match laang kee Spektakel. Bis an der 51. Minutt den englesche Verdeedeger Steve Hodge de Ball net kläre kann an héich an d'Luucht schéisst. Säi Golkipp Peter Shilton kënnt aus dem Gol a wëllt dee Ball opfänken. Dee Moment spréngt awer och den 1 Meter 65 klenge Maradona, knapp 20 Zentimeter méi kleng wéi de Shilton, a kann de Ball an den englesche Gol deviéieren. Dass den Argentinier bei sengem Kappball déi lénks Hand zur Hëllef geholl huet, gesäit een duerno an der Zäitlupp op der Tëlee. Den tuneseschen Arbitter Ali Bin Nasser wollt awer näischt gesinn hunn a léisst, trotz den englesche Protester, de Gol zielen. En Treffer, deen an d'Geschicht vum Futtball sollt agoen.
De Gol vum Joerhonnert
E weideren historesche Gol schéisst den Diego Maradona 4 Minutte méi spéit. Op zirka 60 Meter dribbelt den Argentinier mat 37 Schrëtt an 11 Ballkontakter 5 englesch Géigespiller aus, an iwwerwënnt um Enn och nach de Golkipp Shilton, deen domat eng zweete Kéier geschloen ass. Bei enger Ofstëmmung am Internet gëtt dës Aktioun 2002 vun der FIFA zum Gol vum Joerhonnert gekréint. England kann duerch de Gary Lineker nach emol op 1:2 verkierzen, um Enn setze sech d'Argentinier awer duerch, a klappen an der Halleffinall d'Belsch mat 2:0, fir an der Finall och den Däitsche keng Chance ze loossen. De Maradona ass mam Weltmeeschtertitel um Héichpunkt vu senger Karriär, a gëtt zanterhier engem Gott gläich veréiert a senger Heemecht.
D'Hannergrënn
No der Véierelsfinall seet de Maradona an engem Interview, et wier e bësse säi Kapp, an e bëssen d'Hand vu Gott am Spill gewiescht (spuenesch: un poco con la cabeza de Maradona y otro poco con la mano de Dios). Réischt 2005 sollt hien zouginn, dass et Handspill war. Et war ongeféier esou, wéi wann hien den Englänner de Portmonni geklaut gehat hätt, schreift hien a senger Biographie. Och wa keen et deemools ëffentlech soe wollt: et goung net just ëm Futtball. Et war d'Revanche fir de Krich. Fir den engleschen Trainer Bobby Robson ass et dogéint "the hand of a rascal" gewiescht, d'Hand vun engem Näischnotz.

© AFP
Geschicht mécht GeldZanterhier ass den Ausdrock "Hand Gottes" an den allgemenge Sproochgebrauch agefloss. Wann iergendwou eng onerlaabten Hand am Spill ass, gëtt sech gären op dem Maradona seng Aktioun am Aztekestadion beruff. Den Arbitter ass sech bis haut kenger Schold bewosst. Him war d'Siicht verdeckt, a well den Arbitter op der Linn de Gol net oferkannt hat, huet den Tunesier e gëlle gelooss. De Ball vum Match behält den Ali Bin Nasser duerno. 2022 léisst en de wäertvollen Objet versteeën - bei zwou Milliounen Englesch Pond fält um Enn den Hummer.
Den ongléckleche Verdeedeger Steve Hodge hat no der Partie säin Trikot getosch mam klengen Argentinier. D'Südamerikaner hate nach kuerz virum Match aner Trikote kritt, well hiren Trainer der Meenung war, dass déi eigentlech ze onbequeem an ze waarm wieren an der praller Sonn. Well hir Sportsfirma awer net sou séier reagéiere konnt, gouf e Member aus dem Trainerteam lassgeschéckt, fir an der mexikanescher Haaptstad méi hell blo Alternativen opzedreiwen. Mat zwee verschiddene bloen Trikote koum hien zréck. Oneens, wéi ee besser wier, hat de Maradona schlussendlech decidéiert: "deen do gefält mir, dora klappe mir d'Englänner". De Mann gouf rëm lassgeschéckt, fir 38 där Trikoten ze kafen. Duerno goufe provisoresch Logoe vun der argentinescher Futtballfederatioun gebitzt an op den Trikoten ubruecht. D'Nummeren um Réck, déi séier opgestreckt goufen, ware sëlwereg an eigentlech fir American-Football-Trikote geduecht.
Dat historescht Stéck mam Maradona senger Nummer 10 ass entretemps och versteet ginn - fir 7,1 Millioune Pond.

© AFP