Spiller vun de klenge Länner 2027Basket zu Monte Carlo net mat dobäi

RTL Lëtzebuerg
Op der Generalversammlung vun de Spiller vun de klenge Länner JPEE den 8. Mee 2027 a Monaco goufe verschidden Ännerunge festgeluecht.
© Fernand Schmitz

Wéinst der Formel 1 an der Formel E an de Probleemer an der Infrastruktur, déi d‘Coursse mat sech bréngen, ginn d'Spiller vun de klenge Länner (JPEE) verréckelt a sinn elo vum 17. bis den 22. Mee 2027 a Monaco.

De Lëtzebuerger Olympesche Comité COSL huet donieft annoncéiert, datt wéinst dëse Contrainten am Kalenner vum Automobilsport verschidden Disziplinnen ewechfalen, dorënner de Basket am 3x3. Schonns an Andorra hat de Basket bei den Hären beim traditionellen 5 géint 5 gefeelt. Zu Monte Carlo wäert deemno guer kee Basket dobäi sinn, weder bei den Dammen nach bei den Hären.

Ënner anerem nei mat dobäi wäert Golf sinn.

Dës Sportaarte sinn 2027 op de Spiller vun de klenge Länner a Monaco mat dobäi:

Fix Sportaarten

  • Liichtathletik
  • Judo
  • Sportschéissen
  • Schwammen a Waasserball
  • Dëschtennis
  • Tennis
  • Indoor & Beach Volleyball

Nei Sportaarten

  • Seegelen
  • Turnen
  • Rugby 7
  • Golf
  • Petanque

Donieft lafen d'Virbereedunge fir d'Spiller vun de klenge Länner 2029, déi dann zu Lëtzebuerg wäerten organiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO