Ole Werner gëtt den neien Trainer vun RB Leipzig

© AFP
De fréieren Trainer vun ënner anerem Holstein Kiel a Werder Bremen ënnerschreift ee Kontrakt bis 2027.
Laang gouf zu Leipzig no engem Successeur vum Zsolt Löw gesicht. Zanter en Dënschdeg steet den Ole Werner als neie staarke Mann op der Trainerbänk vun RB fest.
Dës Saison koum de 37 Joer jonken Däitsche mat Werder Bremen op déi 8. Plaz an der däitscher Bundesliga. Virun engem Mount huet hien déi Responsabel vun de "Gréng-Wäissen" driwwer informéiert, datt hie säi Kontrakt, deen nach bis Juni 2026 gelaf wier, net géing verlängeren. De Veräin aus dem Norde vun Däitschland huet den Ole Werner doropshi fräigestallt.
An der Suite hat de véierfachen däitsche Champion den Horst Steffen, zesumme mat dem Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte, als neien Trainer presentéiert.