Damme vum Stater Racing spille géint AEK Athen

© RTL (Archiv)
Dat huet d'Auslousung en Dënschdeg zu Nyon an der Schwäiz erginn.
D'Ekipp vum Elodie Martins kritt et den 30. Juli an der éischter Qualifikatiounsronn vun der Women's Champions League mam griichesche Champion ze dinn. Gespillt gëtt a Form vun engem Mini-Tournoi mat zwou Halleffinallen. Am Fall vum Weiderkomme géing de Stater Fusiounsveräin ëm eng Participatioun an der 2. Qualifikatiounsronn den 3. August géint Tallinna FC Flora aus Estland oder Riga FC aus Lettland spillen.
Aktuell gëtt et nach keng offiziell Confirmatioun vu Säite vun der UEFA, wou genau gespillt gëtt. Wéi d'"Wort" mellt, géing de Stater Racing wéi d'lescht Joer dëse Mini-Tournoi op en Neits zu Lëtzebuerg organiséieren.