Olympique Lyonnais an zweet Liga degradéiert - Appell awer nach méiglech

© Photo by Antoine Boureau / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
D'Kontrollorgan fir Finanze huet decidéiert: De siwefache franséische Meeschter dierf nächst Joer net an der Ligue 1 spillen.
Den DNCG, also déi National Kontroll- a Verwaltungsdirektioun, huet decidéiert, datt de Futtballveräin Olympique Lyon déi nächst Saison an d'Ligue 2 zwangsversat gëtt. Grond dofir si Verstéiss géint d'Finanzoplagen. D'Decisioun huet d'Profifuttballliga LFP matgedeelt.
Bei der Sëtzung en Dënschdeg hat de Veräin ouni Succès probéiert, fir déi franséisch Autoritéit fir Finanzen dovun ze iwwerzeegen, déi Mesuren, déi am November decidéiert goufen, opzehiewen. Een Deel vun dëse Mesurë sinn eben den Zwangsofstig. Franséische Medien no ka Lyon awer nach an Appell goen.
D'Scholde vum Veräi belafe sech op iwwer 500 Milliounen Euro. Am November hat et geheescht, datt een dës drastesch misst reduzéieren, fir datt d'Strofen net a Kraaft trieden. Dat ass Olympique Lyon awer net gelongen.
Sollt Lyon dann awer erof mussen, wier et schonn den zweeten Zwangsofstig vun engem Spëtzeclub an zwou Saisonen. Am Sommer 2024 gouf de Meeschter vun 2009 Bordeaux aus der zweeter an déi drëtt Divisioun zeréckversat. Dobäi hat Bordeaux "just" 370 Milliounen Euro Scholden. Dat kéint also bedeiten, datt och den Appell Lyon net vill wäert bréngen.