Däitsch Futtballfederatioun schëlleg gesprach ginn

© AFP
Zu Frankfurt gouf d'Urteel geschwat an der Finanzaffär ronderëm d'Futtball-WM 2006 an Däitschland. Den DFB muss 130.000 Euro Strof bezuelen.
Am Oktober 2015 haten d'Ermëttlunge vum Frankfurter Parquet ugefaangen. E Mëttwoch de Moien ass den DFB um 34. a leschte Verhandlungsdag schlussendlech wéinst Steierhannerzéiung schëlleg gesprach ginn. D'Geldstrof läit bei 110.000 Euro. Eigentlech souguer 130.000 Euro, mee 20.000 Euro muss de Verband net bezuelen, well de Prozess ze laang gedauert huet. Nach emol dobäikomme wäerten d'Käschte vun der ganzer Affär.
D'Urteel am Prozess, deen zanter Mäerz 2024 gelaf war, betrëfft dubiéis Geldzommen, déi ronderëm d'Futtball-WM 2006 gefloss waren. Den DFB hat vum Parquet virgehäit kritt, Steieren an Héicht vu ronn 2,7 Milliounen Euro hannerzunn ze hunn. Déi Schold wier eendeiteg bewise ginn, sou déi zoustänneg Riichterin an hirem Urteel. De Verband hätt beim Opschaffe vun der Affär e katastrophaalt Bild ofginn. An der leschter Phas vum Prozess souz kee méi op der Uklobänk. D'Affäre géint déi dräi fréier Fonctionnairen Theo Zwanziger, Wolfgang Niersbach an Horst R. Schmit ware géint Geldstrofen agestallt ginn. Den Zwanziger hat mussen 10.000 Euro bezuelen, de Niersbach 25.000 Euro an de Schmit 65.000 Euro.
Am Mëttelpunkt vum Prozess stoung e mysteriéist Payement vum DFB an Héicht vu 6,7 Milliounen Euro un d'FIFA am Abrëll 2005. Dat Geld war duerno op engem Kont vum Robert Louis-Dreyfous gelant an huet deenen 10 Millioune Schwäizer Frang entsprach, déi de Franz Beckenbauer vum franséischen Entrepreneur kritt hat.
Den DFB hat d'Zréckbezuele vun deem Geld verschleiert, andeems se de Betrag fir eng geplangt WM-Ouverture-Gala deklaréiert haten - déi awer spéider ofgesot gi war. E Joer méi spéit war d'Zomm dunn als Depense vum Betrib deklaréiert ginn.