Um leschte Spilldag an de Gruppen E an F avancéieren donieft och nach CF Monterrey aus Mexiko a Fluminense aus Brasilien.

Grupp E
Mat 2:0 kann Inter Mailand sech um leschte Spilldag vun der Virronn géint River Plate duerchsetzen. Fir d'Argentinier gouf et zwou rout Kaarten. Mat engem klore 4:0 géint d'Urawa Reds aus Japan fënnt den CF Monterrey de Wee an d'Aachtelsfinallen.

Grupp F
Duerch e Gol vum Daniel Svensson kann de BVB sech mat 1:0 géint HD Ulsan aus Südkorea duerchsetzen, a gëtt um Enn och Gruppegewënner, well parallel dozou Fluminense net iwwert en 0:0 géint d'Sundowns vu Mamelodi erauskomm sinn.

Ofschloss vun der Virronn
En Donneschdeg geet mat de leschte Partien an de Gruppe G an H d'Virronn vun der Club-WM op en Enn. Am Spëtzematch vum Grupp G spille Juventus Turin a Manchester United ëm déi éischt Plaz. Am Grupp H treffe Real Madrid an RB Salzburg openeen, déi mat jeeweils 4 Punkten un der Spëtzt leien. Al-Hilal mat 2 Punkten huet awer och nach Chancen, fir weider ze kommen.

All d'Tabellen am Iwwerbléck