Däitsch Bundesliga
Bayern géint Leipzig fir den Optakt

© AFP
Déi nei Saison an der éischter däitscher Futtballbundesliga fänkt den 22. August mat der Partie Bayern München géint RB Leipzig un.
Fir de Start vun der neier Bundesliga-Saison treffe Bayern München an RB Leipzig openeen. Den Titelverdeedeger trëfft dobäi op eng Leipziger Ekipp, déi an der leschter Saison mat hirer siwenter Plaz dat internationaalt Geschäft verpasst huet. Ënnert dem neien Trainer Ole Werner wëllen d'Sachsen elo nees de Wee an de Spëtzegrupp vun der Tabell fannen.
Den éischte Match vun der Saison 2025/2026 ass fir den 22. August um 20.30 Auer ugesat. De komplette Spillplang fir d'Saison wäert d'DFL um Freideg 14.00 Auer bekannt ginn.
Am meeschte gelies