Lëtzebuerger Härennationalekipp spillt géint Lettland

En Donneschdeg goufen zu Wien an der EHF-Zentral déi éischt Partien an der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2027 an Däitschland gezunn.
Lëtzebuerg kritt et am éischten Tour vun der Qualifikatioun fir d'WM 2027 am Nopeschland mat Lettland ze dinn - e Géigner, deen d'Rout Léiwe scho gutt kennen. An der Campagne fir d'EM 2026 hat ee sech no enger héijer Néierlag am Allersmatch an enger fulminanter Partie géint d'Balten duerchgesat a koum doduerch an d'Gruppephas, wou ee géint Kroatien, Tschechien an d'Belsch gespillt hat. D'Matcher ginn Enn Oktober, Ufank November gespillt.
Heibäi handelt et sech ëm déi éischt Qualifikatiounsphas, well d'Lëtzebuerger am EHF-Ranking op enger vun de leschte sechs Plaze leien. Duerno géif et an enger potenzieller zweeter Phas géint méi staark Géigner wéi d'Belsch, d'Slowakei oder Israel goen. Um Enn géingen am drëtten Tour nach zwee Matcher géint eng vun den éischtklassegen Ekippe wéi Frankräich, Spuenien oder Kroatien ustoen. All d'Matcher ginn am K.O.-System gespillt. D'Ekipp vum Nationaltrainer Maik Handschke brauch also e laangen Otem fir eng Qualifikatioun.