Volleyball
Lëtzebuerg net fir d'Finall qualifizéiert

© CEV
An der Volleyball Silver League huet d’FLVB-Selektioun vun den Hären trotz 5 vu 6 gewonnene Matcher d’ Finall vun der Silver League knapp verpasst.
D'Rout Léiwen haten hir Hausaufgabe mat zwou Victoirë géint d'Färöer Inselen a Georgien gemaach, mee um Enn sollt et net duergoen.
Et huet ee missen op e Faux-Pas vun Ungarn géint Éisträich hoffen. Um Enn huet ee Saz, respektiv ze vill verluere Punkte vun de Lëtzebuerger den Ënnerscheed gemaach. Ungarn gewënnt säi leschte Match an Éisträich mat 3-0 a qualifizéiert sech domat selwer fir d’Finall vun der Silver League géint Schweden.
Am Screenshot gesäit een, wéi knapp d'Decisioun fir d'Ungaren ausgefall ass.

Am meeschte gelies