Finnland iwwerrascht Island an Norwegen klappt d'Schwäiz

© SEBASTIEN BOZON / AFP
E Mëttwoch den Owend war den Optakt vun der Futtball-EM vun den Dammen.
Bei der Fraen-EM am Futtball gouf et e Mëttwoch am fréien Owend direkt am éischte Match eng Iwwerraschung. Am Grupp A huet nämlech Finnland géint Island gewonnen. Géint Island waren d'Skandinavierinne bei der 1:0 (0:0)-Victoire vun Ufank un déi besser Ekipp. Den decisive Gol huet d'Katariina Kosola an der 70. Minutt markéiert. Island hat eng gutt hallef Stonn an Ënnerzuel misse spillen, nodeems d'Hildur Antonsdóttir an der 58. Minutt mat Giel-Rout vum Terrain gesat gi war.
Den offizielle Start vun der EM war e Mëttwoch den Owend mat der Partie tëscht der Schwäiz an Norwegen. Um Enn gouf et fir d'Schwäizerinne virum eegene Public awer näischt ze feieren. Si hu sech zu Basel misse mat 1:2 (1:0) géint Norwegen misse geschloe ginn. D'Nadine Riesen hat d'Schwäiz an der 28. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht. An der zweeter Hallschent huet een d'Partie awer aus der Hand ginn. D'Ada Hegerberg (54.) hat mat hirem 50. Ländermatchgol fir den Ausgläich gesuergt, e Selbstgol vum Julia Stierli kuerz drop (58.) huet Norwegen a Féierung bruecht an dobäi sollt et bis zum Schluss bleiwen.
Liest hei d'Virschau vun der Fraen-EM, déi nach bis de 27. Juli an der Schwäiz dauert.