
De Floyd Mayweather Jr. wëll senger Pensioun de Réck dréinen an nees professionell boxen, dat nodeems hien am Fréijoer e sougenannten Ausstellungskampf géint de Mike Tyson huet. De fréiere Weltmeeschter a verschiddene Gewiichtsklassen hat 2017 seng Carrière als ongeschloene Profi no 50 Kämpf ofgeschloss, ass awer zanterhier fir verschiddenen Ausstellungskämpf nees an de Ring geklommen.
“Ech hunn nach ëmmer dat, wat et brauch, fir nach méi Rekorder am Boxsport opzestellen”, sou den 48 Joer ale Mayweather an enger Erklärung géintiwwer AFP. “Vu mengem kommende Mike-Tyson-Event bis zu mengem nächste professionelle Kampf dono – keen anere wäert méi Recetten an der Keess generéieren, méi Spectateure weltwäit unzéien a méi Sue mat all Event erwirtschaften, wéi meng Eventer.”
En éischte professionelle Kampf ass provisoresch fir dëse Summer geplangt, dat géint e Géigner, deen nach soll bekannt gemaach ginn. Detailer géifen “an de kommende Wochen” verëffentlecht ginn, heescht et an der Erklärung.
De Mayweather huet en exklusive Kontrakt mam Promoteur CSI Sports/Fight Sports ënnerschriwwen, deen no sengem Tyson-Kampf a Kraaft triede soll.
De Floyd “Money” Mayweather war eemol de beschtbezuelte Sportler op der Welt. Laut Forbes hat hien 2015 en Akommes vun 300 Milliounen US-Dollar.
Op sengem Héichpunkt gouf hien dacks als de beschte Boxer onofhängeg vun der Gewiichtsklass ugesinn an huet d’Welter-Gewiicht iwwer méi wéi ee Joerzéngt dominéiert.
Trotz sengem Succès war de Mayweather ëmmer erëm ëmstridden. Hie gouf dacks fir säin defensive Boxstil kritiséiert an e puer hunn him virgehäit, déi geféierlechst Géigner gemidden ze hunn, fir säi Bilan ze verschéineren.
De Mayweather souz och kuerz Zäit am Prisong, dat am Zesummenhang mat engem vun e puer Fäll vu Gewalt am Stot.
Säi leschte professionelle Kampf war 2017 géint de fréieren MMA-Star Conor McGregor aus Irland. Zanterhier ass hie weider a verschiddenen Ausstellungskämpf opgetrueden, dorënner eng Victoire géint den John Gotti III a Mexiko am August 2024, souwéi och géint Géigner aus dem Reality-TV an aus der YouTube-Zeen.
D’Noriichtesäit fir Boxen “The Ring” hat kierzlech gemellt, datt de Kampf tëscht dem Mayweather an dem Tyson de 25. Abrëll am Kongo soll stattfannen, obwuel weder den Datum nach d’Plaz offiziell confirméiert goufen.
Den 59 Joer alen “Iron Mike” Tyson stoung fir d’lescht an Texas am November 2024 am Ring an huet deemools eng kloer Néierlag géint de YouTuber a Profiboxer Jake Paul missen astiechen. Am Kampf, dee vun Netflix opgestallt an an engem Stadion viru ronn 70.000 Spectateuren ausgedroe gouf, war dem Tyson kaum eng Touche gelongen.