E Samschdeg de Mëtteg goufen an der 1. Bundesliga fir d’Suite vum 23. Spilldag véier Matcher gespillt. Fir den Optakt hate sech e Freideg Mainz an Hamburg mat engem 1:1 d’Punkte gedeelt.
Fir den FC Bayern gouf et doheem eng wichteg 3:2-Victoire géint Eintracht Frankfurt, an där een zum Schluss nach bëssen aus dem Näischt an d’Ziddere komm ass. Vun Ufank un haten d’Münchener d’Partie komplett dominéiert a louchen no 20 Minutten duerch d’Goler vum Aleksandar Pavlovic an Harry Kane scho mat zwee Goler a Féierung. Och duerno ass et quasi just an eng Richtung gaangen. Vun de Gäscht aus Frankfurt ass an den éischte 45 Minutte sou gutt wéi näischt komm. Nom zweete Gol vum Harry Kane an der zweeter Hallschent zum 3:0 hat een da geduecht, de Match wier decidéiert. Duerch en Eelefmeter vum Jonathan Burkhardt an engem Gol vum Arnaud Kalimuendo no engem Münchener Defensiv-Feeler war et op eemol awer nach eemol fir déi lescht puer Minutte spannend ginn. Um Enn sollt et awer bei der Victoire fir d’Bayern bleiwen.
Dem 1. FC Köln ass géint e formstaarken TSG Hoffenheim en 2:2-Remis gelongen. Virun den eegene Spectateure war den Effzeh no 15 Minutten duerch een Dram-Gol a Féierung gaangen. De Ragnar Ache huet de Ball no enger Flank per Fallrückzier perfekt getraff, sou datt dësen onhaltbar aus 10 Meter an de lénken Eck geflunn ass. Dovun hu sech d’Gäscht awer net all ze vill beandrocke gelooss. Kuerz virun der Paus war dem Ozan Kabak den Ausgläich, an nom Säitewiessel dem Andrej Kramaric d’Féierung gelongen. Köln konnt dorop awer nach eemol äntweren a séchert sech duerch den 2:2 vum Shootingstar Said El Mala nach ee verdéngte Punkt.
An den zwou weidere Partien huet Leverkusen bei Union Berlin mat 0:1 de Kierzere gezunn a fir den FC Augsburg gouf et eng 3:2-Victoire zu Wolfsburg.
E Samschdeg den Owend spillt dann nach um 18.30 Auer RB Leipzig géint Borussia Dortmund.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.