Diogo Jota a säi Brudder ginn e Samschdeg bäigesat

Fans gedenken dem Djogo Jota a sengem Brudder an der Géigend vun der Anfield Road, dem Stadion vum FC Liverppol / © PAUL BARKER / AFP
D'Trauerfeier fir den déidlech verongléckte portugiseschen Nationalspiller Diogo Jota a säi méi jonke Brudder ass an der Géigend vu Porto.
En Donneschdeg waren de Stiermer vu Liverpool Diogo Jota (†28) a säi Brudder André Silva (†25) bei engem Autosaccident a Spuenien ëm d'Liewe komm. D'Trauerfeier wier fir 10 Auer Lokalzäit (11 Auer MESZ) an der Kierch vu sengem Heemechtsduerf Gondomar bei Porto ugesat, dat mellt déi staatlech portugisesch Noriichtenagence Lusa an déi staatlech Tëleeschaîne RTP wéi och aner Medien am Land.
An der Kierch Matriz de Gondoma hat den Diogo Jota eréischt den 22. Juni seng grouss Léift d'Rute Cardoso bestuet. Mat hir huet hien dräi Kanner. Elo soll de Liverpool-Star op där Plaz seng lescht Rou fannen. Wéi de lokale Paschtouer Jose Manuel Macedo der Daily Mail confirméiert huet, ass e Freideg an der Kapell São Cosme schonn eng Doudemass fir dem Jota a säi Brudder André Silva geplangt.
D'Bridder waren en Donneschdeg vun zwee portugiseschen Doudeween zu Puebla de Sanabria am Nordweste vu Spuenien an der Géigend vun der Onglécksplaz ofgeholl an an hir Heemecht bruecht ginn.

© CESAR MANSO / AFP
Den Diogo Jota, deen zu Porto op d'Welt komm ass, huet mat 9 Joer zu Gondomar beim portugisesche Véiertligist d'Futtballspille geléiert. Mat 17 Joer huet hien de Veräi verlooss. A senger Karriär huet hien ënnert anerem fir Atlético Madrid, den FC Porto, d'Wolverhampton Wanderers a fir d'lescht fir den FC Liverpool gespillt.
A senger Karriär stoung hien och 49 Mol fir déi portugisesch Nationalekipp um Terrain. Un der Säit vum Cristiano Ronaldo huet hie 14 Goler geschoss.
Op Instagram huet de Ronaldo ëm den Djogo Jota getrauert: "Dat mécht kee Sënn. Mir ware grad eréischt zesumme bei der Nationalekipp, du bass eréischt just bestuet ginn."
De Jota, dee mat biergerlechem Numm Diogo José Teixeira da Silva heescht, a säi Brudder waren an der Nuecht op en Donneschdeg an der nordspuenescher Provënz Zamora mat hirem Auto warscheinlech wéinst engem geplatzte Pneu vun der Strooss ofkomm. Den Auto hat duerno Feier gefaangen. Déi zwee Futtballer hate keng Chance a sinn op der Plaz vum Accident gestuerwen.

© CESAR MANSO / AFP