Schweden klappt Dänemark an Däitschland wënnt géint Polen

© Fabrice COFFRINI / AFP
Fir Schweden gouf et eng 1:0-Victoire a fir Däitschland en 2:0.
Am Grupp C spillen op der Futtall-EM nieft Däitschland a Polen och nach Schweden an Dänemark. Dës zwou skandinavesch Natioune sinn e Freideg den Owend um 18 Auer géinteneen ugetrueden. Schweden war de Favorit, dat eleng schonn, well et eréischt viru knapp engem Mount zu deem Duell komm ass am Kader vun der Nations League. Do huet Schweden mat 6:1 gewonnen. Och e Freideg gouf et nees eng Victoire. Dës Kéier huet ee sech mat 1:0 behaapt.
Schweden huet domat Vollgas de Match ugefaangen an hätt an der 2. Minutt scho bal kënnen a Féierung goen. Dänemark huet sech awer net verstoppt. De VAR huet an der 8. Minutt musse wéinst engem méiglechen Handspill agräifen, wouduerch en Eelefmeter fir Dänemark am Raum stoung. Et huet e puer Minutte gedauert, ma schlussendlech gouf net op Hands decidéiert. Duerno ass de Match net méi richteg un d'Rulle komm an et goufe manner Strofraumzeenen. Mat engem 0:0 ass et an d'Paus gaangen.
An der zweeter Hallschent waren et d'Schweedinnen, déi sech an der 55. Minutt freeë konnten. D'Filippa Angeldahl konnt no enger Une-Deux mam Asllani aus ronn 12 Meter mat engem Schoss an de laangen Eck den 1:0 fir Schweden markéieren. Vun deem Ament un huet Schweden de Match dominéiert, konnt awer kee Kapital draus schloen. An der 81. Minutt hätt et bal gerabbelt am schwedesche Gol. E stramme Schoss vun der dänescher Star-Spillerin Harder ass awer just um Kräiz vun der Lat gelant. 10 Minutten Nospillzäit sollten och näischt méi um Score änneren, a sou ka sech Schweden um 1. Spilldag am Grupp C déi dräi éischt Punkte bei der EM sécheren.
Um 21 Auer war et um zweete Match am Grupp C. De Rekordeuropameeschter Däitschland ass géint Polen, fir déi et déi éischt EM ass, senger Favoritteroll gerecht ginn an huet sech mat 2:0 behaapt. D'Jule Brand per Dramgol (52.) an d'Lea Schüller hunn zu St. Gallen d'Goler markéiert. Esou richteg freeë konnt sech Däitschland awer net iwwer d'Victoire. An der 40. Minutt hat sech nämlech d'Kapitänin Giulia Gwinn um Knéi blesséiert. D'Futtballerin, déi an der Vergaangenheet schonn zwee Kräizbandrëss hat, ass ënner Tréine vum Terrain gaangen. En zäitnoen MRT soll fir Kloerheet a puncto Blessur suergen.

© AFP