Titelverdeedeger England verléiert géint Frankräich

© AFP/Miguel MEDINA
Esou hat sech e Samschdeg den Owend den Titelverdeedeger England de Start an d'Futtball-EM an der Schwäiz wuel net virgestallt.
D'Lionesses sinn nämlech mat enger Néierlag an d'Futtball-EM gestart. Mat 1:2 huet ee sech Frankräich misse geschloe ginn.
Frankräich huet de Match iwwer wäit Strecken dominéiert a louch no Goler vu Katoto (36') a Baltimore (39') an der Paus mat 2:0 a Féierung. Kuerz viru Schluss hat d'Walsh (87') fir England op 1:2 verkierzt, sou datt et nach emol spannend ginn ass. Frankräich konnt um Enn awer eng knapp, ma verdéngt Victoire iwwer d'Zäit retten.
Am fréien Owend war den Ex-Europameeschter Holland mat engem souveräne Succès an d'EM gestart. Beim 3:0 (1:0) géint Wales huet d'Stiermerin Miedema iwwerdeems als 19. Spillerin op der Welt hiren 100. Gol an engem Lännermatch markéiert.
De Géigner Wales, dee fir d'éischte Kéier bei engem groussen Tournoi dobäi ass, huet géint d'Hollännerinne laang gutt matgehalen. Eréischt an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent (45+3') huet d'Miedema zur Féierung getraff. No der Paus huet d'Pelova (48') op 2:0 erhéicht an d'Brugts (57') huet kuerz drop fir d'Schlussresultat gesuergt.
E Sonndeg geet et da weider mam 2. Spilldag vun der Gruppephas.