No der Victoire géint hir brittesch Alterskolleeginne kann eis Dammen-U19-Nationalekipp sech Hoffnunge maachen op Plaz 5.

En Dënschde Moie stoung fir d’Lëtzebuerger U19-Nationalekipp déi läscht Partie vun der Gruppephas géint Groussbritannien um Programm. Gewosst war, dass de Gewënner vun dëser Partie sech eng besser Ausgangspositioun fir déi weider Matcher ëm Plaz 5 séchere géif. D’Qualifikatioun fir d’Halleffinall ass éischter onwarscheinlech, well net domat ze rechnen ass, dass d’Belsch géint Bulgarien verléiert.

De Match war an der Ufanksphas laang ausgeglach – bis zum Score vu 3:3 konnt keen Team sech ofsetzen. Duerno hunn eng ganz Rei technesch Feeler – am Ganzen aacht an de éischten 15 Minutten – dozou gefouert, dass Groussbritannien sech eng Avance erausspille konnt. D’Brittinnen hu konsequent vun de Schwächte vun de Lëtzebuergerinnen profitéiert, a sinn an der 15. Minutt mat 11:6 a Féierung gaangen. Mee d’Lëtzebuergerinnen hu sech net opginn an hunn e staarke Kampfgeescht gewisen. Beim Stand vu 8:13 an der 19. Minutt koum d’Ekipp zeréck an d’Spill. Eng ganz staark Defensivleeschtung an eng exzellent Barbara Fangueiro am Gol hunn et méiglech gemaach, de Match ze dréinen. Mat engem impressionante 10:3-Laf huet Lëtzebuerg d’Iwwerhand geholl. An der 28. Minutt huet d’Laura Ciufoli d’Ekipp fir d’éischt erëm an d’Féierung bruecht zum 16:15. Lëtzebuerg konnt dës Avance nach ausbauen a mat engem 18:16-Virsprong an d’Paus goen.

Fir déi zweet Hallschent koum Lëtzebuerg ganz konzentréiert zeréck op de Terrain. D’Ekipp huet hir defensiv Stabilitéit bäibehalen an och am Ofschloss war een zilsécher. Sou konnt de Virsprong weider ausgebaut ginn – beim Stand vu 22:17 hat Lëtzebuerg fir d’éischt eng Féierung vu fënnef Goler. De Match huet sech dono e bëssen agependelt, mee Lëtzebuerg huet de Virsprong clever verwalt. An der 46. Minutt konnt d’Ekipp fir d’éischt eng 6-Gol-Féierung erausspillen – e kloert Zeechen, dass si d’Kontroll iwwer de Match haten. Och duerno huet sech d’Ekipp net aus der Rou bréngen gelooss. Groussbritannien konnt tëschenduerch nach op dräi Goler erukommen, mee Lëtzebuerg huet näischt méi ubrenne gelooss.

Um Enn stoung eng verdéngten 34:30-Victoire um Pabeier. Als MVP vum Match gouf e bëssen iwwerraschend d’Laura Ciufoli gewielt, dat mat siwen Treffer wichteg Akzenter gesat huet. Bescht Werferin war awer d’Anne Mobipo vum CHEV Dikrech, dat mat néng Goler en aussergewéinleche Match gespillt huet. Mat dësem Erfolleg schléissen d’Lëtzebuergerinnen d’Virronn mat engem ausgeglachenen Bilan vu zwou Victoiren an zwou Néierlagen of. Besonnesch ervirzesträichen ass och, dass d’Laura Ciufoli scho virum Match un der Spëtzt vun de beschten Golgetterinnen stoung – mat 27 Goler. Mat sengen siwe Goler vun haut wäert hatt och weiderhin ënnert de beschten Werferinne vum Tournoi bleiwen.

Fir d’Lëtzebuerger Ekipp geet et e Freideg weider. Den nächste Géigner gëtt no Ofschloss vun de Matcher um Mëttwoch bekannt – et kéint souguer zu enger Revanche géint Israel oder géint Groussbritannien kommen.