
De Victor Bettendorf konnt sech e Sonndeg iwwer eng gutt zweet Plaz beim CSI5*-Turnéier zu Bordeaux freeën. De Grand-Prix war e Sprangen iwwer 1,60 Meter mat Stiechen.
Am Normallaf war de Lëtzebuerger mat sengem Päerd Encore Toi du Linon ouni Strofpunkte bliwwen. Dat war nach sechs anere Reider gelongen. Am Stiechen huet de Bettendorf als éischte Reider gefuerdert an huet eng weider feelerfräi Ronn higeluecht. Um Enn sollt et awer just fir Plaz 2 duergoen, well de Schwäizer Martin Fuchs e puer Sekonne méi séier war.
Dës Placéierung bréngt dem Victor Bettendorf e Präisgeld vun 33.000 Euro an.