Den Iwwerbléck vum internationale FuttballLeipzig ziddert sech zu Victoire géint Köln

RTL Lëtzebuerg
Am Côte-d'Azur-Derby tëscht Nice a Monaco ass kee Gol gefall.
© FEDERICO GAMBARINI/dpa Picture-Alliance via AFP

Bundesliga

Köln - Leipzig
0:1 Baumgartner (29'), 1:1 Thielmann (51'), 1:2 Baumgartner (56')

Köln verpasst mat dëser Néierlag de Sprong an déi éischt Tabellenhallschent, fir Leipzig sinn et wichteg Punkten, fir uewen drun ze bleiwen. Et war laang kee schéine Match am Müngersdorfer Stadion, an den 1:0 ass no engem Fräistouss gefall. An där Phas hat Leipzig déi besser Akzenter. Köln konnt no der Paus séier ausgläichen, mee deen huet just 5 Minutte gehalen, éier de Baumgartner mat sengem zweete Gol geäntwert huet. Uschléissend huet den Effzeh gedréckt an hätt no engem Handspill eigentlech missen en Eelefmeter zougesprach kréien. De Pëff vum Arbitter blouf awer aus. Um Enn muss Leipzig frou sinn, als Gewënner vum Terrain ze goen.

Bayern München - Hoffenheim (17.30 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Liverpool - Manchester City (17.30 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Sassuolo - Inter Mailand (18.00 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Nice - Monaco 0:0

Le Havre - Stroossbuerg (17.15 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Betis Sevilla (18.30 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO