
Zu Lille war e Sonndeg den X20 Trofee Lille, déi 7. Manche vum Krawatencross 2026. Et gouf eng véierfach Victoire fir Holland, woubäi d’Ceylin Del Carmen Alvarado déi Séierst war. Déi 28 Joer al Fuererin konnt souverän virun der Lucinda Brand (+ 0:22) an der Inge Van der Heijden (+ 0:29) gewannen. D’Leonie Bentveld koum mat 40 Sekonne Réckstand op déi 4.Plaz.
D’Marie Schreiber kënnt zum Enn vun der Saison ëmmer besser a Form a konnt sech no hirer 3. Plaz zu Middelkerke um Samschdeg zu Lille iwwer Plaz 5 freeën. D’Lëtzebuergerin hat 56 Sekonne Réckstand op d’Gewënnerin a war déi eenzeg Vertriederin vum Groussherzogtum an dëser Course.
Och an der Härecourse hat de Gewënner eng komfortabel Avance. Hei war et den Niels Vandeputte, dee sech kloer virum Felipe Orts Lloret (+ 0:28) behaapte konnt. De Belsch hat sech d’lescht Joer nach mat Plaz 2 mussen zefridde ginn. De Podium gouf vum Michael Vanthourenhout (+ 0:57) komplettéiert. De Joris Nieuwenhuis konnt seng Victoire aus dem leschte Joer net widderhuelen a gouf de Véierten (+ 0:58). Hei war kee Lëtzebuerger um Depart.