Olivia Smith wiesselt fir iwwer eng Millioun Euro bei Arsenal

© MI NEWS / NurPhoto / NurPhoto via AFP
D'Olivia Smith verléisst den FC Liverpool a schléisst sech fir de Präis vun iwwer enger Millioun Euro dem FC Arsenal un.
Zanter Deeg gouf driwwer spekuléiert, elo ass et offiziell: Den FC Arsenal huet de Wiessel vum Olivia Smith zum deiersten Transfer an der Geschicht vum Dammefuttball gemaach. Den Champions-League-Gewënner huet eng Zomm vun iwwer enger Millioun Pond, ëmgerechent ronn 1,16 Milliounen Euro, un de Ligakonkurrent Liverpool iwwerwisen. Wéi de Veräin en Donneschdeg bekannt ginn huet, huet d'Smith e "laangfristege" Kontrakt ënnerschriwwen.
Déi 20 Joer al Kanadierin war de leschte Summer fir 230.000 Euro vu Sporting Lissabon bei d'Reds gewiesselt. An hirer éischter Saison op der Insel huet si an 20 Liga-Matcher siwe Goler geschoss. An 18 Matcher fir Kanada huet si bis ewell véier Mol getraff.
Bis ewell louch den deiersten Transfer am Dammefuttball bei 1,06 Milliounen Euro. Am Januar war déi 20 Joer al Naomi Girma vu San Diego Wave bei den FC Chelsea gewiesselt.