Et war d'Sensatioun vun der Champions League Qualifikatioun 2012, wéi Diddeleng sech géint d'Bulle vu Salzburg duerchsetze konnten. E Réckbléck.

Den F91 hat den Allersmatch iwwerraschend 1:0 gewonnen. Salzburg war sech awer sécher, am Retourmatch doheem de Wee an déi drëtte Ronn vun der Qualifikatioun fräi ze maachen. Et sollt anescht kommen. Net manner wéi siwe Goler sinn op deem memorabelen Dënschdeg Owend am Juli 2012 gefall.

RB dréckt, mä den F91 trëfft

Obwuel RB direkt Drock gemaach hat, konnt den Thierry Steinmetz an der 27. Minutt fir déi Diddelenger den 1:0 markéieren. Mä schonn zwou Minutte méi spéit war et den Ausgläich duerch de Jakob Jantscher, a wéi de Martin Hinteregger an der 37. Minutt seng Faarwen a Féierung bruecht huet, war bei de Salzburger eng gewëssen Erliichterung ze spieren. Hautdesdaags hätt de VAR iwwregens warscheinlech op Hands decidéiert virum Gol.

Déi wäerten dach net...

Mam 2:1 goung et an d'Paus, a bis dohi waren déi Diddelenger nach ëmmer en Tour weider, wéinst der Reegel vum Auswäertsgol, déi entretemps jo ofgeschaaft ass. An der zweeter Hallschent war et schonn no dräi Minutten den Aurélien Joachim, deen den Ausgläich markéiere konnt, a wéi den Thierry Steinmetz nëmmen aacht Minutte méi spéit den F91 a Féierung geschoss huet, stoung d'Futtballwelt endgülteg Kapp. Salzburg war komplett schockéiert. Sollt de Veräin vun der weltbekannter Energy-Drink-Firma et och am fënneften Ulaf net an d'Gruppephas vun der Champions League packen?

RTL

© Screenshot - rtl.lu

Nach war méi wéi eng hallef Stonn ze spillen. Vill Zäit fir d'Partie nach ze dréinen. An déi ronn 6.600 Spectateuren (méi wéi 30.000 ginn eran), dorënner manner wéi 100 Lëtzebuerger, sollten net enttäuscht ginn. An der 74. Minutt huet den Diddelenger Benzouien no senger zweeter gieler Kaart mussen dusche goen. An der 81. Minutt kruten d'Éisträicher dunn en Eelefmeter, deen de Cristiano zum Ausgläich verwandelt huet. An nëmmen eng Minutt méi spéit war et d'4:3-Féierung fir RB duerch den Zarate. Et konnt engem baang gi fir déi 10 Diddelenger, déi nach 11 Minutten z'iwwerstoen haten. Salzburg wollt sech net nach emol blaméieren an endgülteg de Sak zoumaachen.

D'Bulle ginn zerrappt an de Medien

Et blouf awer beim 4:3. Duerch déi dräi Auswäertsgoler war den F91 no den zwou Partien de verdéngte Gewënner vun dëser Explikatioun a konnt sech iwwer d'Weiderkommen an den drëtten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun freeën, fir do op Maribor ze treffen. Fir déi meeschte Spiller aus dem Kader dierft et wuel den Héichpunkt vun der Karriär gewiescht sinn. Fir déi Salzburger war et dogéint wuel déi gréisste Blamage. Geschummt hu se sech, ënnert den Ae vum Red-Bull-Chef Dietrich Mateschitz, a vun der nationaler Press gouf et nach eng zousätzlech op den Deckel.

Hei en Extrait aus engem Artikel vun derstandard.at:
"Häme ist nicht abgebracht, schließlich geht es in der Qualifikation zur Champions League auch um das Wohl des österreichischen Fußballs. Also war es nur aberwitzig. Red Bull Salzburg wollte im fünften Versuch endlich Teil der Gruppenphase werden, es wurde die größte Blamage in der siebenjährigen Vereinsgeschichte. F91 Düdelingen, eine Art Barcelona von Luxemburg, ist zu gut gewesen. Das Team besteht aus Amateuren und Teilzeitbeschäftigten, die nun ein Problem haben. Ihre Urlaubstage sind aufgebraucht, aber vielleicht lassen die Arbeitgeber mit sich handeln. Bei den Salzburgern ist die Lage klar. Sie haben jeglichen Kredit verspielt. Trotz eines Sportdirektors Ralf Rangnick."

Haut virun 13 Joer: F91 geheit Salzburg aus der Champions League. (Reportage: Christophe Hochard)

De 24. Juli 2012 war ee vun deenen Deeg, op deenen déi vermeintlech Kleng deene Groussen e Been konnte stellen. Zu Diddeleng wäerte se deen Dag sécher net vergiessen. Zu Salzburg warscheinlech och net.

Liest hei den Artikel vum Dag duerno op rtl.lu. Hei nach emol d'Statistike vum Retourmatch tëscht RB an dem F91.