Um Mëttwoch huet déi international Basketballfederatioun FIBA d'Gruppe fir d'EM-Quali 2027 geloust.

Lëtzebuerg spillt am Grupp A géint Bosnien an Herzegowina, Israel an Irland. Déi éischt Matcher vun der Qualifikatioun stinn am November um Programm, donieft gëtt am Mäerz 2026 gespillt. D'Europameeschterschaft 2027 gëtt an der Belsch, Schweden, Litauen a Finnland gespillt.

Am Februar hat d'FLBB-Selektioun den entscheedende Match am Montenegro ze héich verluer an domat eng historesch Chance verpasst, fir bei der EM 2025 dobäi ze sinn. Deemno sinn d'Hoffnunge bei der Ekipp sécherlech héich, fir bei der nächster Editioun an 2 Joer mat dobäi ze sinn.

RTL

© Screenshot