Fanny Arendt leeft an der Finall iwwer 800 Meter op eng gutt véierte Plaz

© FLA
Nodeem 2023 d’Patrizia van der Weken iwwer 100 Meter op der Universiad Gold gewanne konnt, hat 2025 rëm eng Lëtzebuergerin d'Chance eng Medail ze gewannen.
Mä dëst sollt dem Fanny Arendt, wat sech e Mëttwoch fir d'Finallen iwwert 800 Meter op der Universiad am Rhein-Ruhr-Gebitt qualifizéiere konnt, awer net geléngen. Um Enn leeft déi jonk Lëtzebuergerin als 4. iwwert de wäisse Stréch, dëst an enger Zäit vun 2 Minutten, 1 Sekonn a 4 Honnertstel. D'Goldmedail konnt sech d'Eloisa Coiro (1:59.84) aus Italien sécheren, wougéint déi zweet Plaz un d'Veronica Vancardo (2:00.08) aus der Schwäiz geet. Déi drëtt Plaz geet iwwerdeems un déi spuenesch Leeferin Daniela Garcia Tena (2:00.12).
En Donneschdeg de Moie ware schonns de Ruben Querinjean an de Gil Weicherding iwwer 3.000 Meter Steeple am Asaz. Béid Lëtzebuerger konnte sech an hire Virleef fir d’Finall qualifizéieren. De Ruben Querinjean ass a sengem Virlaf mat 8:46.68 deen 3. ginn. De Gil Weicherding ass mat engem Chrono vun 8:51.72 a sengem Virlaf dee 7. ginn. Déi éischt Aacht a béide Virleef hu sech fir d’Finall e Samschdeg den Owend qualifizéiert.
De Lëtzebuerger Rekord iwwer 3.000 Meter Steeple vum Ruben Querinjean läit bei 8:14.33. De 17. Juni 2025 war hien déi Zäit gelaf.