Schwamm-WM zu Singapur
Ralph Daleiden Ciuferri verpasst Halleffinallen iwwer 100 Meter Crawl

© FLNS
E Mëttwoch de Moie fréi war ee Lëtzebuerger op der Schwamm-WM am Asaz.
Op der Schwamm-WM zu Singapur ass de Ralph Daleiden Ciuferri e Mëttwoch de Moien eiser Zäit a senger Serie iwwer 100 Meter Crawl (Freestyle) de 6. ginn.
De Lëtzebuerger vun 22 Joer huet no 49 Sekonnen an 8 Honnertstel ugeschloen. Fir eng Plaz an den Halleffinallen hunn um Enn 85 Honnertstel gefeelt. Esou ass et déi 33. Plaz..
Och e Méindeg war de Lëtzebuerger en nationale Rekord geschwommen. Déi Kéier iwwer 200 Meter Crawl.
Am meeschte gelies