BGL Ligue zeréck an der RTL Live Arena
De Weekend fänkt d'Futtballchampionnat an der ieweschter Divisioun un. Nieft dem Liveticker ginn d'Matcher och nees am Stream gewisen.
RTL Lëtzebuerg, d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun (FLF) an d'Lëtzebuerger Football Ligue (LFL) hu sech op eng weider Zesummenaarbecht gëeenegt, fir d'BGL Ligue an d'Éierepromotioun live ze iwwerdroen. Den Accord gëllt bis Enn der Saison 2028/2029. Duerch d'Zesummenaarbecht soll d'Presenz vum nationale Futtball gestäerkt ginn.
Christophe Goossens, CEO RTL Lëtzebuerg: "Mir si frou, datt mir een Accord mat der Lëtzebuerger Futtballfederatioun an der Lëtzebuerger Football Ligue iwwert déi nächst véier Joer fonnt hunn, wou mir integral déi zwou héchsten Divisiounen aus dem nationale Futtball wäerte weisen."
Vum August u ginn all Saison iwwer 480 Matcher live gewisen, dorënner och eng Auswiel vu Matcher aus der Coupe de Luxembourg. D’Zil ass et, fir dem Lëtzebuerger Futtball eng Plattform ze bidden, déi fir jiddereen accessibel ass - am Grand-Duché an och am Ausland.
Eng grouss Neierung ass de "Match-Phare" vum Weekend: all Spilldag gëtt e besonnesche Match mat engem Multi-Kamera-System a Live-Commentaire op Lëtzebuergesch iwwerdroen.
Christophe Goossens, CEO RTL Lëtzebuerg: "Mir wäerten och d'Coupe-Matcher vun der Aachtelsfinall un, wou Kameraen op den Terraine sinn, weisen. Ganz nei ass lo all Weekend de "Match-Phare", dee mat Multi-Kamera produzéiert gëtt a mat Lëtzebuerger Commentaire gewise gëtt. Dat sinn 30 Matcher aus der BGL-Ligue a 4 Matcher aus der Éierepromotioun."
All d'Matcher kënne live oder am Replay iwwer RTL.lu an d'App RTL Play (op iOS, Android a Smart TV) 24h/24 gekuckt ginn.
Christophe Goossens, CEO RTL Lëtzebuerg: "De Sport ass ee ganz wichtege Bestanddeel vun eise Programmer. 2024 hu mir just op der Tëlee bal 500 Stonne Sport diffuséiert. Dat ass 10 Mol méi wéi dat, wat mir an der Konventioun mat Staat ënnerschriwwen hunn a virgesi war. Donieft hu mir eis RTL Live Arena, wou mir mat Streaming-Kameraen de Lëtzebuerger Basket, Handball, Volleyball an eben och lo rëm de Lëtzebuerger Futtball kënne weisen."
Op RTL.lu fannt Dir wéi gewinnt och nees all d'Resultater. An d'Futtballmatcher an der BGL Ligue ginn et och am Liveticker.