D'Häre vun Déifferdeng a Stroossen esou wéi d'Damme vum Racing waren op internationalem Plang dës Woch gefuerdert.

Et war op europäeschem Plang dës Woch vill lass fir déi Lëtzebuerger Vertrieder. D'Resultater waren zu engem gudden Deel positiv an d'Manéier op alle Fall och.
De Serge Olmo mat Reaktioune vun dëser intensiver europäescher Woch, déi nach net ganz eriwwer ass.

Déifferdeng an der Conference-League-Quali en Tour weider

Déifferdeng wënnt och Retourmatch géint The New Saints
De Lëtzebuerger Champion steet domadder am drëtten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun.

Am 2. Tour vun der Conference League huet den Doublégewënner FC Déifferdeng en Dënschdeg géit The New Saints aus Wales d'1:0-Victoire aus dem Allersmatch confirméiert mat enger verdéngter 1:0-Victoire am Retourmatch. Wéi déi Déifferdenger am Retour en 11 Meter verwandele konnten a zwee Goler Virsprong haten, hunn dës geréiert a net méi vill riskéiert, erkläert den Artur Abreu.

Jo, mee ech mengen et ass e bëssen normal. No engem Gol wëlls se direkt ebe verdeedegen, fir kee Gol ze kasséieren. Mä wéi gesot, ech mengen defensiv stoung mer wierklech ganz richteg. Si hätte vläicht eng honnertprozenteg Golchance, wou een eleng op de Gol geet, wou een net eraschéisst, mee soss hate se och net vill.

De Samir Hadji hat deen ugeschwaten 11 Meter realiséiert. De Buteur kuckt e bësse no vir op deen nächste Rendez-vous mat sengem FCD03 an dee ass den nächsten Donneschdeg doheem géint Lavadia Talinn. Den Hadji ass optimistesch fir den 3. Tour géint d'Ekipp aus Estland.

Ech mengen, et gëtt eis d'Méiglechkeet, de Géigner z'analyséieren an Schwaachpunkte ze fannen. Mä gutt, als éischt, wéi mir gesot hunn, Fokus op Biissen. Et ass wichteg am Ufank vum Championnat, keng Punkte ze verléieren.

Stroossen verléiert béid Partië ganz knapp

Stroossen verléiert Retourmatch géint Dundee an ass eliminéiert
En Donneschdeg den Owend huet d'UNA vu Stroossen de Retourmatch vun der zweeter Qualifikatiounsronn an der Conference League géint Dundee United gespillt.

D'UNA Stroossen huet géint de Favorit an Nummer 4 an Schottland, Dundee United, zwee Mol knapp mat 0:1 verluer an dat och am 2. Tour vun der Conference League.

De Golkipper Koray Özcan huet wéi seng Kolleegen eng gutt Impressioun hannerlooss am Allersmatch wéi och en Donneschdeg am Retourmatch zu Déifferdeng. De Realismus virum Gol aus der Vu vun der UNA huet gefeelt. D'Enttäuschung ass trotz gudde Leeschtungen do, esou hire Golkipp.

Ouni e positiivt Resultat, 1:0, dat sinn zwou Néierlagen, mee et sinn Néierlagen, déi wéi dinn, och wann ee mat esou Leeschtungen wiisst.

Esouwuel a Schottland wéi en Donneschdeg zu Déifferdeng ware virun allem déi schottesch Supporter richteg aktiv. Dësen europäeschen Rendez-vous muss schonn eng Aventure gewiescht sinn. De Stroossener Kapitän Denis Agovic wäert scho munches zréck behalen.

Ech mengen, mir hunn eis selwer bewisen, dass mer capabel sinn, esou Matcher ze spillen. An ech mengen, am Championnat kënne mer elo erëm ugräifen, fir weider esou Matcher z'erliewen.

Damme vum Stater Racing no staarker Leeschtung weider

Damme vum Racing wannen no Verlängerung géint Athen
E Mëttwoch den Owend stoung fir d’Dammen den éischte Match an der Qualifikatiounsronn fir d’Championsleague-Plazen um Programm.

Bei den Dammen huet de Champion Stater Racing no enger extreem spannender Partie no Verlängerung mat 5:3 géint AEK Athen gewonnen, dëst an der Halleffinall vun der 1. Ronn vun der Champions League. D'Marta Estevez, wat no senger Etapp a Griicheland nees um Racing ass, ass houfereg op seng Ekipp.

Ech menge mir waren richteg, richteg staark mental. Mir hunn einfach net opginn. Mir hu villäicht elo net eise beschte Fussball gespillt, mee wa mer un eis gleewen a bis zum Schluss kämpfen, dann kann een och esou ee Match gewannen.

Virun der Finall géint Riga aus Lettland ass déi aner nei Racing Spillerin Caroline Jorge mat Recht optimistesch.

Ech mengen, et gëtt e schwéiere Match, mä wa mer all wéi haut kämpfen, ass alles nach dran an ech gleewen un d'Ekipp an dass mer dee Match och kënne gewannen.

De Rendez-vous géint Riga ass e Samschdeg um 19 Auer um Stater Verluerekascht, deen der och am Livestream op RTL.lu kënnt kucken. Vläicht gëtt de Bilan nach méi positiv no der Qualifikatioun bei den Hären vun Déifferdeng, der Eliminatioun vu Stroossen an der Victoire an der Halleffinall vun den Racing Dammen?