Point-Presse vun der FLF virum Match op MaltaDanel Sinani: "Ech menge schonn, datt mir als Ekipp d'Erfarung hunn, fir eeben esou Matcher ze spillen"

Sam Rickal
En Donneschdeg an en Dënschdeg d'nächst Woch spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp am Nations-League-Playoff géint Malta ëm de Maintien an der Liga C.
Point-Press vun der FLF virum Match op Malta
De Jeff Strasser, den Danel Sinani, den Anthony Moris an den Seid Korac am RTL-Interview um Mikro vum Gilles Tricca.

Aktuell lafen d’Preparatiounen op Héichtouren. Zanter e Méindeg ass déi ganz Ekipp zesummen, fir sech op de Géigner anzestellen. Bekannt ass zanter der leschter Woch, datt de convoquéierte Fabio Domingos net an de Krees vun der Nationalekipp dobäi kënnt. Eng Decisioun, déi de Jeff Strasser “schued” fënnt. Vun e Méindeg bis en Donneschdeg sti fir d’FLF-Selektioun 4 Trainingen um Programm. De groussen Ënnerscheed par rapport zu anere Rassemblementer ass, datt den Ofschloss-Training virum Allersmatch op Malta hei zu Lëtzebuerg ass. Mee och dat huet säi Grond.

Jeff Strasser: “Et weess een ëmmer, wann een am Ausland an op engem Terrain trainéiert, datt och wann et à huis clos ass, mee datt warscheinlech ëmmer deen een oder anere nokuckt. Deementspriechend war de Choix, well d’Preparatiounszäit virum éischte Match vun den Unitéite a vun de Seancë kuerz ass, eebe fir eng komplett Seance hei ze maachen, wou mir kënnen am taktesche Beräich eebe Saachen astudéieren an eis bescht méiglech ze preparéieren. De Fokus läit do drop. Do hu mir decidéiert, dass mir déi Kéier eeben déi Seance hei zu Lëtzebuerg maachen an e Mëttwoch de Mëtteg op Malta fléien.”

Malta huet sech iwwer déi lescht Jore konstant verbessert. Ënner anerem hunn d’Malteeser dat der leschter WM-Qualifikatioun mat der 1:0-Victoire a Finnland an der knapper 2:3-Defaite doheem géint Polen bewisen. E wichtege Pilier wäert an deenen zwee Matcher aus Lëtzebuerger Siicht wéi ëmmer den Danel Sinani sinn. De Spiller vum FC St. Pauli hat de Weekend nach bei der 1:2-Néierlag doheem géint Freiburg markéiert. Aktuell stinn d’"Kiezkicker” op der 16. Plaz an der Tabell. Den 78-fachen Nationalspiller kennt dës Drocksituatiounen, wéi och elo déi zwou Partie géint Malta.

Danel Sinani: “Un der Preparatioun ännert elo net vill. Wéi am Veräin, wéi och hei mat der Nationalekipp, sinn ech zu 100 Prozent konzentréiert, fir eeben d’Ziler mat der Nationalekipp ze erreechen. Mir analyséieren elo de Géigner a mir kucken, wat mer eebe maache kënnen, fir hinne wéi ze dinn. (...) Ech ka vum Passé schwätzen, wéi mir géint Georgien gespillt hunn. Dat war och schonn eng Finall, esou ze soen. An elo ass eebe rëm d’Situatioun komm, datt mir och an där Situatioun elo sinn, nëmmen datt mir elo an der Liga C dra wëlle bleiwen. Ech menge schonn, datt mir als Ekipp och d’Erfarung hunn, fir eeben esou Matcher kënnen ze spillen an och ee positiivt Resultat mat heem ze bréngen.”

Eng méi schwiereg Zäit hat den Anthony Moris bei sengem Veräin Al-Khaleej FC a Saudi-Arabien. Wéinst dem Krich am Noen Osten war de 35 Joer ale Golkipp schonn en Tick éischter zeréck an Europa gereest. Allerdéngs huet hien eis am Interview confirméiert, datt seng Famill an hie sur Place a Sécherheet gewiescht wieren an datt de Championnat normal konnt gespillt ginn. D’Nummer 1 am Lëtzebuerger Gol huet Malta analyséiert a weess, wat op d’Rout Léiwen duerkënnt.

Anthony Moris: “Ech hunn e puer vun hire leschte Matcher gesinn. Et ass eng Ekipp, déi defensiv gutt steet. Si verdeedege gutt zesummen a maachen ee fir deen aneren Efforten. Ech kennen den Teddy Teuma, mat deem ech iwwer 3 Joer bei der Union Saint Gilloise zesumme gespillt hunn. Ech freeë mech och, hie rëm ze gesinn.”

Sportlech leeft et aktuell och manner gutt beim Seid Korac. De 24 Joer alen Defenseur huet seng Stammplaz vun Ufank der Saison beim FC Venedeg an der zweeter italieenescher Divisioun verluer an huet an deene leschte 8 Matcher nëmme 5 Minutte gespillt. Den 19-fachen Nationalspiller wëll sech dovun awer net veronséchere loossen a wëll géint Malta onbedéngt gewannen.

Seid Korac: “Wann ech heihinner kommen, kommen ech mat extreem vill Stolz. Fir mech zielt den Erfolleg vun der Ekipp an deen ass ëmmer op der éischter Plaz. Ech kommen heihinner, fir Gas ze ginn, einfach d’Ekipp mat ze féieren, probéiere meng Energie op den Terrain ze bréngen, egal ob ech elo am Veräin gespillt hunn oder net. Ech komme mat där nämmlechter Mentalitéit heihinner. Ech wëll Gas ginn, ech wëll gewannen.”

Back to Top
CIM LOGO