Natierlech muss um Enn de Fuerer d’Watt op d’Kette bréngen. Wéi schwéier dat ka sinn, huet de Gaëton Pons a senger eegener, kuerzer Karriär erlieft. Vu klengem u war de Vëlossport déi grouss Passioun vum Bouf vu Léck. Seng Mamm staamt aus Konsdref a sou ass hien als villverspriechende Lëtzebuerger Fuerer 2017 bei Leopard gewiesselt. Een entscheedende Moment a senger Karriär. 2019 huet hie wéinst Verletzungsproblemer zwar als Fuerer opgehalen, ma de Markus Zingen huet hien als sportleche Leeder a senger Ekipp gehalen.
No 4 Léierjore konnt de jonke Familljepapp an d’Protour bei Unibet opsteigen. Och hei huet hie vill bäigeléiert. Duerch e bëssi Zoufall, ma virun allem seng Passioun, säi Versteesdemech a säin Asaz ass de Grischa Niermann op de Lëtzebuerger opmierksam ginn. Bei Visma-Lease a Bike aus der UCI World Tour hu si am Staf eng passend Verstäerkung gesicht.
D’Erausfuerderung als sportleche Leader ass anescht wéi wann ee selwer am Suedel sëtzt. Ma et ass eng Aufgab, déi de Gaëton Pons passionéiert a fir déi de jonke Familljepapp gäre vill ënnerwee ass. Um Enn sinn och seng Fuerer ee bëssi seng Kanner a seng Ekipp eng zweet Famill.