Schwamm-WM zu Singapur
47. Plaz fir de Rémi Fabiani iwwer 50 Meter Réck

© AFP (Archiv)
E Samschdeg war ee Lëtzebuerger op der Weltmeeschterschaft am Schwammen zu Singapur am Asaz.
De Rémi Fabiani ass iwwer 50 Meter Réck e Chrono vu 26,02 Sekonne geschwommen an ass e sengem Virlaf dee 7. ginn. Um Enn ass et déi 47. Plaz ënner 60 Schwëmmer.
Déi 16 séierst Schwëmmer hu sech fir d'Halleffinalle qualifizéiert. Do war op d'mannst e Chrono vu 24,89 Sekonnen néideg.
E Sonndeg ass dann den Ofschloss vun der WM. Carneiro, Daleiden Ciuferri, Henx a Fabiani starten an der Staffel iwwer 100 Meter 4Nages.
Am meeschte gelies