Iwwerraschend Victoire fir Kanech, Hesper dréint Match géint Stroossen
Den Opsteiger Kanech feiert beim 3:1 géint de Racing domat seng éischte Victoire an dëser Saison. Rouspert spillt 1:1-Gläich géint Péiteng.
E Sonndeg stoung am nationale Futtball Championnat d'Suite vum 2. Spilldag um Programm. E Samschdeg huet sech den F91 knapp mat 3:2 géint Käerjeng duerchgesat. Um Sonndeg huet sech dunn Hesper mat 4:2 géint Stroossen behapt. E Gläichspill gëtt et tëscht dem Titus Péiteng a Victoria Rouspert. Béid Ekippe spillen 1:1. Déi Rousperter mussen déi 1. Plaz an der Tabell deemno un Diddeleng ofginn. Bei de Matcher Atert Biissen géint Jeunesse Esch an Hueschtert géint Rodange si keng Goler gefall.
Den Opsteiger vu Kanech geléngt d'Iwwerraschung a ka sech mat 3:1 auswäerts géint de Stater Racing duerch setzen.
Nodeems d'Lokalekipp no 4 Minutte scho mat 0:1 a Réckstand louch, ass et am Stade Achille Hammerell vum Verluerekascht an der 12. Minutt nach mei déck fir de Racing komm. De Maurice Deville ass beim Laafen op de Gol reegelrecht vum Golkipp Ruffier oplafe gelooss ginn. Den Arbitter huet de Schlussmann vun de Stater no laangen Diskussiounen doropshi vum Terrain gestallt. No ronn 15 Minutte louch de Racing deemno net nëmme mat 0:1 a Réckstand, mee hat och e Spiller manner um Terrain. An der Suite vun der 1. Hallschent war Kanech déi spillbestëmmend Ekipp iwwerdeems de Racing wuel beméit war, ouni sech awer gréisser Chancen eraus spille konnt.
An der 2. Hallschent huet de Racing op den Ausgläich gedréckt a konnt sech a Persoun vum Azong an der 76. Minutt dann och belounen. Nëmme 6 Minutte mei spéit krut Kanech een Eelefmeter zougesprach. De Maurice Deville huet sech des Chance net entgoe gelooss, an huet de Match mat sengem zweete Gol virentscheed. An der Schlussphase ass et nach emol hektesch ginn. De Racing krut a Persoun vum Skenderovic eng weider Rout Kaart, iwwerdeems de Gomes an der 6. Minutt vun der Nospillzäit mam 3:1 fir d'Schlussresultat gesuergt huet.
De Swift Hesper gewennt no enger spektakulärer zweeter Hallschent mat 4:2 géint d'Una vu Stroossen. Nodems d'Gäscht no engem Gol vum Nogueira an der 20. Minutt a Féierung gaangen sinn, huet de Swift an der zweeter Hallschent eng Reaktioun gewisen. Obwuel d'Lokalekipp no 62. Minutten teschenzäitlech mat 1:2 a Réckstand louch, hunn d'Spiller vum Trainer Hakim Menaï de Kapp net an de Sand gesaat a hunn bannent 11 Minutten ganzer 3 mol markéiert. Ninte (71'), Savane (80') an Bouazzati (82') hunn de Match fir Hesper gedréint.
De Match Mamer géint Déifferdeng gouf verluecht. An der Tabell ass den F91 déi eenzeg Ekipp mam Maximum vu 6 Punkten no zwee Matcher.

Hesper - Stroossen / © Bob Leven
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater
Racing Union - Jeunesse Kanech 1:3
0:1 Deville (4'), 1:1 Azong (76'), 1:2 Deville (82'), 1:3 Gomes (90+6')
Atert Biissen - Jeunesse Esch 0:0
Swift Hesper - Una Stroossen 4:2
0:1 Nogueira (20'), 1:1 Belliard (48'), 1:2 Perez (62'), 2:2 Ninte (71'), 3:2 Savane (80'), 4:2 Bouazzati (82')
Union Titus Péiteng - Victoria Rouspert 1:1
1:0 Pereira Mendes (51'), 1:1 Arslan (73')
US Hueschtert - FC Rodange 0:0