Neie Weltrekord am Stafhéichsprong
Armand Duplantis leet d'Lat op 6.29m

© Attila KISBENEDEK / AFP
Zu Budapest huet de schweedesch-amerikanesche Sprénger säin eegene Weltrekord eng weider Kéier verbessert.
Den Armand "Mondo" Duplantis huet d'Lat erëm en Zentimeter méi héich geluecht. Bei engem Meeting zu Budapest an Ungarn huet de Weltstar et et en Dënschdeg iwwer 6.29m gepackt. Am zweete Versuch konnt hie säin eegene Weltrekord vu 6.28m verbesseren, deen hien am Juni zu Stockholm opgestallt hat.
De 25 Joer alen Duplantis huet domat de Weltrekord fir déi drëtte Kéier dëst Joer gebrach. Am Ganzen ass et deen 13. Rekord fir de "Mondo".
Am meeschte gelies