D'Boston Celtics kënnen elo fir eng Zomm vu 6,1 Milliarden Dollar verkaf ginn.

D'"NBA Board of Governors" huet gréng Luucht fir d'Vente un en Investorgrupp ënnert dem Lead vum Bill Chisholm ginn. 
Den Ofschloss vun der Transaktioun soll deemnächst geschéien.

Schonn am Mäerz hate sech déi aktuell Besëtzer vum Rekordchampion mat der Investoregrupp vum Bill Chisholm op den Deal gëeenegt. Deen Ament war d'Offer vu 6,1 Milliarden Dollar eng Rekordzomm am US-Sport. Et sollt allerdéngs net laang daueren, bis déi Zomm nach emol getoppt gouf. Am Juni huet den Investor Mark Walter 10 Milliarden Dollar fir de Kaf vun de Los Angeles Lakers gebueden. Och déi Rekord-Vente soll nach dëst Joer iwwert d'Bün goen.

D'Famill Grousbeck hat d'Celtics am Joer 2002 fir 360 Milliounen Dollar iwwerholl an am Juni 2024 ugekënnegt, hir Parte wëllen ze verkafen. D'Celtics sinn ee vun den traditiounsräichste Veräiner an der Geschicht vun der NBA, mat enger Rekordzuel vun 18 Championstitelen. De leschten dovunner am Joer 2024.