De Sprinter stoung mam Usain Bolt 2016 zu Rio um selwechte Podium, elo gëtt hie Fitnesscoursë vu Metz bis Diddenuewen.

Den olympeschen Athlet Christophe Lemaitre ass elo Trainer direkt hannert der Lëtzebuerger Grenz. De Sprinter stoung mam Usain Bolt 2016 zu Rio um selwechte Podium.

No senger erfollegräicher Karriär mat enger olympescher Bronzemedail sou wéi mat nationale wéi och internationale Rekorder an der Täsch gëtt hie kollektiv Fitnesscoursen tëscht Metz an Diddenuewen.

"U wat ee sech als éischt erënnert, wann ee mech erkennt, ass natierlech d’Bronzemedail vun de Spiller zu Rio. Dann ass do och ëmmer d’Geschicht mam ‘éischte Wäissen, deen ënner 10 Sekonnen den 100m gelaf ass’. Dat sinn halt déi Saachen, déi mech deemools bekannt gemaach hunn a wouriwwer d’Leit haut nach schwätzen."
 
De Christophe Lemaitre ass 2024 an d’athletesch Pensioun gaangen, nodeems hien d’Geschicht vum franséischen, europäeschen a weltwäiten Athletismus gepräägt huet. Ma hien huet awer de Sport net komplett opginn, well hien zanter engem Joer an der Lorraine als "Coach sportif" schafft.

"Ech si frou, dëse Wandel gemaach ze hunn. Ech sinn zimmlech einfach op déi nei Saach gewiesselt", esou den Ex-Sprinter, deen net ze vill Nostalgie empfënnt.  
Ursprénglech aus der Aix-les-Bains, huet de Sportler entscheet, sech zu Metz néierzeloossen aus perséinleche Grënn:

"Mäi Meedchen ass hei gebuer a geet geschwënn an d’Primärschoul. Dowéinst hunn ech mäi BPJEPS (Brevet professionnel de la jeunesse, de l’éducation populaire et du sport) zu Nanzeg am CREPS (Centre de ressources, d’expertise et de performance sportive) gemaach."

RTL

De Christophe Lemaitre (riets) bei der Olympiad 2016 zu Rio mam Usain Bolt an Andre de Grasse. / © Fabrice Coffrini / AFP

 

Mir hunn hie bei enger Seance zu Thionville begleet

De fréiere Champion gëtt seng Kueren a verschidde Sportshalen a senger Regioun. "Ech wëll mat engem anere Public schaffen. Et ass ëmmer wichteg, sech un nei Profiller unzepassen, dat léiert sech och alles mat der Zäit a mat Erfarung."

Zu Thionville am Gym "Le Loft", beschreiwen d’Participante vum Cours de Christophe Lemaitre als "kompetent" a "bescheiden". Ee vun hinnen erzielt eis: "D’ass scho flott, hien hei mat eis ze hunn. Ganz éierlech, ech hunn hie fréier net kannt. Ma en ass awer ganz kompetent’’

Och en anere setzt derbäi: "Mir schaffe gutt mat him! Et ass ganz rhythmesch a variéiert, ech fannen hie ganz bescheiden. Hie behëlt sech och genee d’selwecht wéi déi aner Traineren." Ganz onopfälleg ass hien zwar lo och net:

"Mäi Partner huet mir gesot: 'Ma jo, wéi weess du net, wien de Christophe Lemaitre ass?’ Ma lo weess ech et!"

Fir de Coach Christoph Lemaitre ass all Seance en neien Challenge: "Wat méi Zäit vergeet, wat ech méi begeeschtert si vun deem, wat ech maachen, einfach am neie Public ze schaffen, verschidde Kueren ze ginn an alles an dem Ëmfeld ze ginn. Ech hunn nach vill ze léieren, ech weess. Ech wéilt gäre meng Passioun vum Iwwerschreide vun den eegene Grenzen, u meng Participante weiderginn. Dobäi soll ech mech a si versetze kënnen, fir dass de Kuer jidderengem passt."

Och wann hie vun Natur aus méi reservéiert ass, bremst seng nei Aktivitéit hien net: "Et stëmmt schonn, dass ech bësse schei sinn, ma dat hënnert mech lo awer net weider, well ech deemno schonn eng gewëssen Erfarung mat Medien, Interviews a Konferenzen hunn. Wat nei fir mech ass, ass am pedagogesche Beräich ze schaffen. Ech hu lo awer d’Gewunnecht zanter bal engem Joer."

De Jonathan Pickel, Gerant vun der Fitnesshal, erzielt vu sengem éischten Treffen: "Hien huet mir ugeruff a mir hunn e Rendez-vous fixéiert. De selwechten Owend hunn ech gesinn, dass hien eis Instagram-Säit geliked huet an do sinn ech mir bewosst ginn, dass dat en olympesche Medailegewënner wier. Ech hunn d’Unzuel vu senge Follower, säi Palmarès gesinn. Dunn hunn ech mech wierklech gefreet, dass hie sech géif weise kommen!’’

De Christophe Lemaitre, bleift - onofhängeg vun de Medien - eng simpel Persoun, sou de Jonathan Pickel: "Hien ass eng ganz accessibel Persoun, scho bal schei. Hie bretzt sech och guer net mat senger Vergaangenheet. Vill Leit si mech wéinst senger uschwätze komm. E puer hunn hie fir en Autogramm oder e Selfie gefrot. Lo, fir ze soen, dass dat alles eis Dynamik am Club verännert hätt, stëmmt zwar net!’’.