Kee Gewënner tëscht Rouspert a Stroossen, Nidderkuer wënnt zu Hesper
Rouspert kann eng 2:0-Féierung net iwwert d'Zäit bréngen. De Progrès klappt Hesper mat 4:1. Diddeleng bleift ongeschloen.
E Sonndeg war et am nationale Futtball-Championnat d'Suite vum 3. Spilldag. Den Optakt hunn e Samschdeg de Owend Péiteng a Hueschtert gemaach. An hei konnt sech d'Ekipp aus dem Gréngewald mat 2:0 zu Péiteng behaapten.
Um Sonndeg dann verléiert Kanech doheem mat 1:2 géint Rodange iwwerdeems et och fir d'Jeunesse eng Néierlag op eegenem Terrain ze verdaue gelt. Mat 0:1 verléiert ee géint Mamer. Mamer bleift ongeschloen. Munneref ka sech viru 737 Spectateure mat 2:0 géint Käerjeng duerchsetzen.
Diddeleng huet no 3. Spilldeeg de Maximum vun de Punkten a stin mat 9 Punkten op der 1. Tabelleplaz. Géint den Opsteiger Atert Biissen gouf et eng 4:2-Victoire. Biissen huet bis zum 0:1 vum Benhedim (31') eng kämpferesch gutt Leeschtung gewisen, an et war e gewollt dem Favoritt e Been ze stellen. An der 36. Minutt ass et dunn Hektesch ginn. No engem Handspill vum Gavioli am Strofraum vun de Biissener, krut den Opsteiger een Eelefmeter zougesprach, deen de Santos Guimares zum 1:1 an de Filet gesat huet. Den Arbitter huet dem Gavioli wéinst dem Handspill déi Rout Kaart gewisen. An och den Diddelenger Trainer ass wéinst Meckeren op d'Tribün geschéckt ginn. An der 40. Minutt huet den Onparteieschen dunn e weideren Acteur vum Terrain geschéckt, des Kéier de Biissener Rastoder, deen no enger Schwalb déi Giel-Rout Kaart gewise krut.
Nom Säitewiessel sollt Biissen duerch de fréieren Diddelenger da Mota an der 47. Minutt a Féierung goen. Wat de Match méi laang gedauert huet, wat Diddeleng den Drock erhéicht huet. Et huet een op den Ausgläich gedréckt. Bannent 6 Minutte sollt fir d'éischt den Delorge den 2:2 markéieren, éier de Gomes Soares an der 81. Minutt d'Féierung fir d'Lokalekipp geschoss huet. An der Nospillzäit huet de Benkhedim du fir 4:2 d'Schlussresultat gesuergt.
An der Partie Rouspert géint Stroossen ass virun allem an der 1. Hallschent net vill geschitt, Offensivaktioune ware rar geseet. Bannent 2 Minutten hunn déi Rousperter dunn direkt zwee mol zougeschloen, an et louch en no 63. Minutte mat 2:0 am Avantage. Stroossen huet sech awer net opginn, a sollt sengersäits bannent 3 Minutten zwee mol markéieren, sou dass de Match tëscht béide Formatioune mat engem 2:2-Gläich op en Enn geet.
Um 18h30 huet dann nach de Swift Hesper géint de Progrès Nidderkuer gespillt. D'Gäscht gewannen mat 4:1 um Holleschbierg. De Progrés ass per Eelefmeter an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent a Féierung gaangen. Nom Ausgläich vum Cisse an der 61. Minutt ass Hesper e bëssi aus dem Näischt zum Ausgläich komm. De Progrès konnt banne 5 Minutten duerch Goler vum Hend a Bouché ronn 10 Minutte viru Schluss fir d'Virentscheedung suergen.An der Noospillzäit huet de Boesen fir de Schlusspunkt gesuergt. Virun allem opgrond vun der 1. Hallschent eng verdéngte Victoire fir d'Gäscht vun Nidderkuer.

© Bob Leven
De Match Déifferdeng géint de Racing gouf verluecht.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Victoria Rouspert - Una Stroossen 2:2
1:0 Kyereh (61'), 2:0 Arslan (63'), 2:1 Perez (79'), 2:2 Grym (82')
US Munneref - UN Käerjeng 2:0
1:0 Kumbi (69'), 2:0 Lopes (80')
F91 Diddeleng - Atert Biissen 4:2
1:0 Benkhedim (31'), 1:1 Santos Guimares (38'), 1:2 Da Mota (47'), 2:2 Delorge (75'), 3:2 Gomes Soares (81'), 4:2 Benkhedim (90+4')
Jeunesse Esch - FC Mamer 0:1
0:1 Teles Santos (75')
Jeunesse Kanech - FC Rodange 1:2
0:1 Messuwe (66'), 0:2 Bojic (77'), 1:2 Desevic (79')
Swift Hesper- Progrès Nidderkuer 1:4
0:1 Hend (45+4'), 1:1 Cisse (61'), 1:2 Hend (78'), 1:3 Bouché (83'), 1:4 Boesen (90+1')
Den Iwwerbléck vun de Resultater