Péiteng an de Stater Racing wëllen déi éischt Victoire vun der Saison feieren

© Val Wagner (Archiv)
Nom 2. Tour vun der Coupe de Luxembourg de Weekend steet e Mëttwoch de 7. Spilldag an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball um Programm.
D'Partie tëscht dem Swift Hesper an dem Stater Racing kënnt dir mat Commentaire vum Sam Rickal a Serge Olmo an der RTL Live Arena suivéieren. Donieft och alleguer déi aner Matcher. Mir hunn eis de 7. Spilldag méi genau ugekuckt.
Virschau op de 7. Spilldag
Mat nëmmen 3 Punkten no 6 Spilldeeg steet de Stater Racing op der zweetleschter Plaz an der Tabell. D'Ekipp vum Yannick Kakoko spillt e Mëttwoch auswäerts um Holleschbierg. Hesper ass mat 10 Punkte gutt an dës Saison gestart, allerdéngs ginn et aktuell e puer Niewegeräischer nieft dem Terrain. De Swift krut d'lescht Woch op en Neits eng Transfertspär. An der Coupe de Luxembourg hu béid Ekippen hir Aufgab souverän gemeeschtert.
0:1 huet sech souwuel de Progès Nidderkuer wéi och d'US Hueschtert um leschte Spilldag misse geschloe ginn. An der Tabell leie béid Ekippen nëmmen 2 Punkten auserneen. De Progès huet déi 3 Punkten am Kampf ëm déi europäesch Plaze sécherlech fest ageplangt. Hueschtert dogéint huet no der knapper a spéider 0:1-Defaite géint de Champion Déifferdeng sécherlech Confiance getankt.
D'UN Käerjeng wëll no der éischter Victoire vun der Saison am Derby géint Péiteng weider wichteg Punkten am Kampf ëm de Maintien sammelen. Allerdéngs huet d'UNK keng einfach Aufgab virun der Broscht. D'Ekipp vum David Vandenbroeck spillt auswäerts beim Progrès Nidderkuer. Déi Giel-schwaarz wëllen hir 0:1-Defaite géint Stroossen vum leschte Spilldag direkt nees gutt maachen.
Dat wëll och d'Unioun Titus Péiteng, déi mat nëmmen zwee Punkten aktuell op der leschter Plaz an der Tabell stinn. An der Coupe haten déi Péitenger bei der 4:0-Victoire zu Schieren keng all ze grouss Problemer. Änlech goung et fir den FC Atert Biissen zu Näerzeng. Den Opsteiger wëll mat dësem positiven Elan weiderfueren an no deenen zwou Victoirë géint Rouspert an Hesper weider wichteg Punkte sammelen.
Fir d'Victoria Rouspert gëllt et dogéint, déi iwwerraschend héich 0:5-Néierlag zu Biissen vergiessen ze dinn. Déi nëmme knapp 3:2-Victoire zu Mutfert an der Coupe huet do net wierklech gehollef. Dat Selwecht zielt awer och fir den FC Mamer 32, dee sech réischt an der Verlängerung zu Gilsdref 2:1 konnt behaapten. D'Ekipp ronderëm de Kapitän Mickaël Jager waart zanter dem 2.Spilldag op déi nächst Punkten am Championnat.
Besser leeft et aktuell fir d'US Munneref. D'Ekipp vum Trainer Jérémy Deichelbohrer huet déi lescht 4 Matcher an der BGL Ligue gewonnen an huet och an der Coupe bei der 6:1-Victoire Suessem keng Chance gelooss. De Veräin aus der Thermalstad wëll natierlech dorun uknäppen. Op der Säit vum FC Rodange 91 gëllt et, déi zwou kloer Defaitë géint Diddeleng an d'Jeunesse Esch nees gutt ze maachen.
Den F91 Diddeleng kritt Besuch vun der Jeunesse Kanech. Den Opsteiger konnt sech schonn zweemol géint "méi grouss" Nimm aus dem Lëtzebuerger Futtball, notamment géint d'Jeunesse Esch an de Stater Racing, behaapten. Den F91 ass deemno gewarnt, huet awer och nach kee Match an dëser Saison verluer. Déi aktuell bescht Offensiv aus dem Championnat ass sécherlech e Surplus.
Komplettéiert gëtt de 7. Spilldag vun der Partie tëscht der Jeunesse Esch an dem FC Déifferdeng 03. Zu Miedernach an der Coupe konnt de Rekordchampion réischt déi zweete Victoire an der Saison feieren. Virun allem d'Chanceverwäertung muss sech géint de Champion verbesseren. Dat gëtt géint déi aktuell bescht Defense aus dem Championnat awer alles anescht wéi einfach. Den FCD03 huet dës Saison réischt 2 Goler kasséiert, huet awer och nach zwee Matcher nozehuelen.