An den anere Matcher vun der Coupe hu sech mat Dikrech a Käerjeng d'Favoritten duerchgesat. Am Dammechampionnat konnt Esch déi éischt Punkte sammelen.

Hären

Virun zwou Wochen eréischt ware Rëmeleng an de Standard an der Liga openee getraff, elo am éischten Tour vun der Coupe de Luxembourg. A genee wéi am Championnat huet sech d'Ekipp aus der Stad duerchgesat. Den HC Standard gewënnt 26:23 bei der Esperance Rëmeleng.

Dobäi hat et am éischten Duerchgang net duerno ausgesinn, well Rëmeleng ganz staark opgespillt huet an de Gros vun der Zäit a Féierung louch. Sou sollt et och bis an d'49. Minutt weidergoen, mee du konnt de Standard duerch zwee Goler vum Miha Pucnik an dem Duc Nguyen op 5 Goler ewechzéien. Dorop hat Rëmeleng keng Äntwert méi a muss schonn an der éischter Ronn d'Seegele sträichen.

An engem weidere Match konnt Käerjeng déi éischt Victoire an dëser Saison feieren. Beim HBC Schëffleng aus der Promotioun goung den HBK mat 39:16 als Gewënner vum Terrain. An engem Match, dee vun Ufank u kloer a Richtung vu Käerjeng gelaf ass, konnt virun allem de Luca Di Nicola mat 10 Goler optrompen.

E Freideg gouf et e skurrille Match zu Uewerkuer, dee wéinst technesche Problemer an der 33. Spillminutt huet mussen ofgebrach ginn. D'Verankerung vun den Turngeräter an der neier Hal hat noginn an de Problem konnt net direkt behuewe ginn. D'Gemeng Déifferdeng huet awer séier reagéiert an e Samschdeg de Moie war eng Léisung en place. Wéi de Match Déifferdeng géint Leideleng awer gewäert gëtt, ass nach net kloer. Decisioun heiriwwer fält am nächsten CA vun der Federatioun.

De Chev Dikrech huet sech beim 27:18 beim HB Museldall bis an d'40. Minutt ustrenge mussen. Duerno war bei de Miseler aus der Promotioun d'Loft eraus an Dikrech konnt d'Néierlag aus dem Nodrosmatch e Freideg géint Esch séier vergiessen.

E Sonndeg trëtt den HB Esch nach beim HB Miersch un. D'Red Boys Déifferdeng sinn als Champion spillfräi, genee wéi Bierchem an Diddeleng, déi d'lescht Saison an der Finall stoungen. Dofir huelen dës Ekippen e Sonndeg de Match vum éischte Spilldag no, deen dir ab 18.00 Auer am Livestream op RTL.lu suivéiere kënnt.

E Freidegowend huet sech den HB Esch déi drëtt Victoire vun der Saison geséchert. Den Nodrosmatch vum 1. Spilldag géint de Chev Dikrech hunn déi Schwaarz-Wäiss, déi vum Co-Trainer Luc Fancelli gecoacht gouf, well den Trainer Rajko Milosevic op enger Formatioun vun der EHF zu Wien war, mat 37:32 fir sech entscheet.

Rajko Milosevic an Tom Janin um EHF Goalkeeper Summit

De Match war bis an d'40. Minutt enk, du konnten d'Escher, ugedriwwe vun engem staarke Luca Tomassini, den Ecart op 5 Goler eropschrauwen. Den Tomassini sollt no 60 Minutten op insgesamt 9 Goler kommen, mee de Pol Kirsch an de Lou Fancelli stoungen him mat hire jeeweils 7 Goler an näischt no. Dikrech koum wuel nach eng Kéier op 2 Goler erun, mee fir méi sollt et net duergoen. De Chev steet an enger onkompletter Tabell mat 2:6 Punkten op Plaz 6.

Dammen

Bei den Damme gëtt am éischten Tour just ee Match gespillt. E Sonndeg spillen nach Dikrech a Miersch géinteneen.

Ënnert der Woch konnt den HB Esch déi éischt Punkte fir dës Saison sammelen. Am Nodrosmatch vum 1. Spilldag géint den HC Standard, dee wéi Esch virum Match nach 0 Punkten um Kont stoen hat, stoung et no 60 Minutte 24:22. Esch louch eigentlech de ganze Match iwwer vir, mee eng Véierelstonn viru Schluss hat sech bei de Schwaarz-Wäissen eng Schwächephas ageschlach an de Standard konnt gläichzéien. Um Enn hat Esch d'Nues awer vir.

Den Iwwerbléck vun de Resultater