Inter gewënnt géint Cremonese. Arsenal neie Leader an der Premier League.

An der Bundesliga huet sech e Samschdeg am Nomëtteg ënnert anerem Leverkusen 3 Punkte geséchert. An der Owespartie klappt Bayern Frankfurt.

Nieft dem Danel Sinani, dee mat St. Pauli géint Bremen verluer huet, waren och nach eng e puer aner Lëtzebuerger am Ausland am Asaz. Den Iwwerbléck fannt dir an eiser Rubrik Lëtzebuerger Futtballer am Ausland.

Mat der Victoire vun Arsenal an der gläichzäiteger Néierlag vu Liverpool sinn d'Gunners neie Leader an der Tabell.

Premier League

Leeds United - Tottenham Hotspur 1:2
0:1 Tel (23'), 1:1 Okafor (34'), 1:2 Kudus (57')

No iwwer engem Joer huet Leeds United am eegenem Stadion mol nees eng Kéier verluer an dat mat 1:2 géint Tottenham. Nodeems béid Ekippe mat engem 1:1-Gläich an d'Paus gaange sinn, huet den Neizougang vu West Ham United Mohammed Kudus mat sengem Gol an der 57. Minutt fir d'Entscheedung gesuergt. D'Lokalekipp hat wuel e puer Chancen zum Ausgläich, war virum Gol awer net konsequent genuch am Ofschloss. Tottenham steet no 7. Spilldeeg bei 14 Punkten a setzt sech am ieweschten Drëttel vun der Tabell fest.

FC Arsenal - West Ham United 2:0
1:0 Rice (38'), 2:0 Saka (67')

Arsenal London huet souverän mat 2:0 géint eng schwaach Ekipp vu West Ham gewonnen. D'Ekipp vum Mikel Arteta huet de Match iwwer quasi 90 Minutten dominéiert. West Ham hat am Spillopbau immens Problemer a si net aus der eegener Hallschent eraus komm. Deemno eng verdéngte Victoire fir d'Gunners.

Manchester United - AFC Sunderland 2:0
1:0 Mount (8'), 2:0 Sesko (31')

Manchester United gewënnt fir drëtt noeneen am eegenem Stadion iwwerdeems Sunderland no ongeschloene Matcher mol nees als Verléierer vum Terrain geet. An der Tabell leie béid Ekippen elo just nach 1 Punkt auserneen.

FC Chelsea - FC Liverpool 2:1
1:0 Caicedo (14'), 1:1 Gakpo (63'), 2:1 Esevao (90+5')

Chelsea huet eng robusten éischt Hallschent gewisen, a louch deemno och verdéngt mat 1:0 am Avantage. An der 14. Minutt huet de Moises Caicedo mat engem stramme Schoss aus der Distanz zu Féierung markéiert. An der 39. Minutt hätt net vill gefeelt, an et hätt 2:0 gestanen. De Garnachso säin Distanzschoss sollt awer just un de Potto goen.
 
Nom Säitewiessel huet den LFC eng Reaktioun gewisen a konnt sech an der 63. Minutt mam Ausgläich belounen. De Match war zu dësem Moment komplett ausgeglach.An der 5. Minutt vun der Nospillzäit huet Chelsea dach nach zougeschloen. Den Estevao huet no Zouspill vum Cucurella den entscheedende Gol markéiert. Domat ass Arsenal och elo neie Leader an der Tabell.

Serie A

Lazio Roum - FC Turin 3:3

0:1 Simeone (16'), 1:1 Cancellieri (24'), 2:1 Cancellieri (40'), 2:2 Adams (73'), 2:3 Coco (90+2'), 3:3 Cataldi (90+13')

En absolutte Krimi hunn d'Spectateuren zu Roum beim Match tëscht Lazio an dem FC Turin erlieft. Dobäi hunn d'Gäscht vun Turin een 1:2-Réckstand an der Nospillzäit an een 3:2-Virsprong ëmgewandelt. Duerch eng immens laang Nospillzäit krut d'Lokalekipp dunn awer nach d'Chance, den Ausgläich ze markéieren. An der 90+13' huet den Danilo Cataldi tatsächlecht nach den 3:3 geschoss, wat och d'Schlussresultat sollt sinn.

Inter Mailand - US Cremonese 4:1
1:0 Martinez (6'), 2:0 Bonny (38'), 3:0 Dimarco (55'), 4:0 Barella (57'), 4:1 Bonazzoli (87')

Verdéngte Victoire fir Inter Mailand. Martinez a Bonny hunn d'Goler an der éischter Hallschent geschoss. De staarke Golkipp Cremona huet dofir gesuergt, dass de Réckstand fir Cremonese an der Paus net nach méi héich war. Nom Säitewiessel sollt sech um Spillverlaf net all ze vill änneren, sou dass Nerazzurri mat 4:1 géint Cremonese gewënnt an no 6 Matcher elo bei 12 Punkte leit. Fir Cremonese ass et déi 1. Néierlag an der Saison.

Ligue 1

FC Metz - Olympique Marseille 0:3
0:1 Paixao (51'), 0:2 O'Riley (69'), 0:3 Gouiri (76')

De Favorit vu Marseille huet sech um Enn ouni gréisser Problemer beim FC Metz mat 3:0 duerchgesat. An der zweeter Hallschent hunn d'Gäscht aus hire sëllege Chancen d#Goler gemaach. De Brian Madjo ass beim Stand vun 0:3 an der 79. Minutt fir den Diallo agewiesselt ginn. Metz bleift deemno an der Tabell op der leschter Plaz an huet no 7 Matcher 2 Punkten um Konto.

De ganze Resumé vum Match fannt dir bei eise Kolleege vun RTL Info.