Tornado verléiert zu Brest, batter 2:12-Defaite fir d'Beefort Knights
© RTL Archiv
Um 4. Spilldag an der 2. Divisioun a Frankräich huet den Tornado 1:4 zu Brest verluer. Donieft gouf et an der Belsch och fir Beefort näischt ze huelen.
D’Lëtzebuerger vum Tornado stinn no zwou Victoiren an zwou Defaiten op der 6. Plaz an der Tabell vun der zweeter franséischer Divisioun. Den nächste Samschdeg geet et fir si op der Kockelscheier géint den ongeschloenen Tabelleleader Evry-Ivry.
E Samschdeg sinn d'Beefort Knights da mat 2:12 géint den Tabelleleader Leuven Black Chiefs ënnert d'Rieder komm. Den nächste Weekend sti fir si dann déi zwee nächst Matcher um Programm. Freides de 7. November geet et fir d'Knights op Heist-op-den-Berg fir de leschte vun hire fënnef Auswäertsmatcher um Stéck, éier dann e Samschdeg, den 8. November, den éischten Heemmatch zu Beefort géint d'Mechelen Sharks um Programm steet.