An der zweeter Divisioun am franséischen Äishockey verléiert Tornado Lëtzebuerg däitlech géint Évry-Viry.

Um Enn steel eng 2:7-Néierlag géint den Tabellenéischten um Kont. D'Lëtzebuerger sinn ouni hir zwee bescht auslännesch Spiller Holodkovs an Wahlden  ugetrueden. Den Tornado fält duerch dës Defaite op déi aachte Plaz an der Tabell.

Den nächsten Samschdeg spillt den Tornado géint Orléans, déi zwou Plaze besser klasséiert si wéi d'Lëtzebuerger. 
Och do muss d'Ekipp op den verletzten Top-Scorer Holodkovs verzichten, deen nach op d'mannst zwou Wochen ausfält.