Äishockey
D'Beefort Knights wannen hir zwee Matcher vum Weekend
© Beaufort Knights
D'Beefort Knights hunn dëse Weekend zwee Matcher am belsche Championnat gewonnen.
E Freideg hu si sech zu Heist-op-den-Berg mat 6:2 gewonnen an e Samschdeg hu si sech doheem mat 4:3 géint Mechelen duerchgesat. Domat stinn d'Knights elo an der Tabell op der drëtter Plaz.
Iwwerdeems ass et d'Nouvelle, dass de Michel Welter no 25 Joer an der éischter Ekipp dëse Weekend seng lescht Matcher als Golkipp vun den Knights gespillt huet.
Am meeschte gelies