Freiburg klappt St. Pauli, Metz kënnt an d'Rullen
© AFP
Liverpool verléiert de Spëtzematch géint ManCity. An der Serie A verléiert Neapel d'Tabelleféierung a Florenz muss weider op déi éischt Victoire waarden.
A Portugal ass de Leandro Barreiro mat Benfica Lissabon géint den Tabelle-16. Casa Pia AC gefuerdert. De Match gëtt um 21.30 Auer ugepaff.
Bundesliga
Freiburg - St. Pauli 2:1
1:0 Suzuki (40'), 2:0 Eggestein (50'), 2:1 Oppié (69')
Den Danel Sinani a St. Pauli bleiwen am Formdéif an hunn déi lescht fënnef Matcher verluer. Freiburg klëmmt an der Tabell mol nees an d'séchert Mëttelfeld.
De Sportclub aus dem Schwarzwald hat déi ganz éischt Hallschent méi vum Spill, well sech d'Hamburger hannen eragestallt an d'Lächer zougemaach haten. Kuerz virun der Paus huet Freiburg no engem Corner awer e Lach an der Defense fonnt a goung duerch e Volleyschoss verdéngt a Féierung. D'Ekipp vum Trainer Julian Schuster konnt direkt nom Säitewiessel noleeën an den zweete Gol markéieren. Wéi aus dem Näischt ass St. Pauli den Uschlossgol gegléckt, an domat war d'Schlussoffensiv vu Sinani & Co lancéiert. Fir e Gläichspill sollt et awer net méi duergoen.
Stuttgart - Augsburg 3:2
0:1 Rieder (8'), 1:1 Mittelstädt (18', Eelefmeter), 1:2 Massengo (26'), 2:2 Undav (39'), 3:2 Undav (80')
Augsburg verpasst et op en Neits, sech fräizeschwammen. Dobäi hat Stuttgart bei béide Féierunge staark matgehollef. D'Lokalekipp konnt awer ëmmer ausgläichen, och wa si no den intensive Woche midd gewierkt hunn. Augsburg war och am zweeten Duerchgang net ouni Chancen, mee huet se net genotzt. Stuttgart hat an der Persoun vum Deniz Undav déi néideg Reussite a gewënnt de Match net onverdéngt. D'Schwaben bleiwen an dëser Saison doheem nach ongeschloen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Aston Villa - Bournemouth 4:0
1:0 Buendia (28'), 2:0 Onana (40'), 3:0 Barkley (77'), 4:0 Malen (82')
Manchester City - Liverpool 3:0
1:0 Haaland (29'), 2:0 Nico (45'+3), 3:0 Doku (63')
D'Kris bei Liverpool gëtt ëmmer méi grouss an huet aus deene leschte fënnef Matcher just dräi Punkte matgeholl. Manchester City huet de Reds hir Grenzen opgewisen a sinn elo éischte Verfollger vun Arsenal. Nieft dem Haaland war och den Doku de Man of the Match bei de Citizens. Liverpool war am éischten Duerchgang méi mat der Defense beschäftegt, koum awer mat vill Elan aus de Kabinnen an hat eng Rei gutt Chancen. Dës sollten awer net de Wee an de Gol fannen. Den drëtte Gol vu ManCity war de Knackpunkt vum Match.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
FC Genua - Florenz 2:2
1:0 Ostigard (15'), 1:1 Guomundsson (20', Eelefmeter), 1:2 Piccoli (57'), 2:2 Colombo (60')
Am Kellerduell tëscht dem Tabelle-16. Genua an dem Tabelleleschte Florenz gouf et kee Gewënner, wat kenger Ekipp wierklech weiderhëlleft. Florenz bleift Leschten a waart no 11 Matcher nach ëmmer op déi éischt Victoire. Den FC Genua huet just 2 Punkte méi um Kont.
Bologna - Neapel 2:0
1:0 Dallinga (50'), 2:0 Lucumi (66')
Den Tabelleleader Neapel huet bei Bologna seng drëtt Néierlag an der Serie A kasséiert a muss d'Tabelleféierung un d' AS Roum ofginn. Neapel ass elo punktgläich mam AC Mailand, deen e Samschdegowend 2:2 mat Parma gedeelt hat. Béid Ekippen trenne just zwee Goler. Bologna confirméiert seng opstriewend Form an ass neie Fënneften.
AS Roum - Udinese 2:0
1:0 Pellegrini (42'), 2:0 Celik (61')
D'AS Roum ass duerch dës Victoire neien Tabelleleader.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Metz - Nice 2:1
0:1 Cho (35'), 1:1 Hein (53', Eelefmeter), 2:1 Diallo (84')
Den FC Metz ass endlech am Rullen. Nodeems et 10 Matcher gedauert hat, bis een déi éischt Victoire feiere konnt, goufen déi och déi zwee Matcher duerno gewonnen. Dës Kéier huet Nice mussen dru gleewen. D'Grenats stinn elo mat 11 Punkten op der 14. Plaz.
Stroossbuerg - Lille 2:0
1:0 Emegha (33'), 2:0 Emegha (62')
Stroossbuerg huet de Spëtzematch vum 12. Spilldag géint Lille fir sech entscheet. D'Elsässer hunn dobäi vun engem Duebelpak vum Emegha profitéiert a koumen och net duercherneen, wéi si ab der 66. Minutt just nach zu zéng waren. Lille ass näischt agefall a si hu sech an der Nospillzäit och nach eng direkt Rout agefaangen. Mat dësem Resultat iwwerhëlt Stroossbuerg Lille an der Tabell an ass neie Véierten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Rayo Vallecano - Real Madrid 0:0
Trotz dem éischte Gläichspill an dëser Saison behält Real Madrid eng Avance vu 5 Punkten op den aktuellen Tabellenzweete Villareal. Den FC Barcelona kann am Owesmatch bei Celta Vigo awer nach op 3 Punkten erukommen.
Valencia - Betis Sevilla 1:1
0:1 Cucho Hernandez (74'), 1:1 Rioja (82')