"Fir esou Matcher spillt ee Futtball", sou den Danel Sinani
E Freideg den Owend ass de Futtball-Weltmeeschter vun 2014 op Besuch am Stade de Luxembourg.
D'Rout Léiwe kréien et an hirem fënnefte Match vun der Qualifikatioun fir d'WM 2026 mat Däitschland ze dinn. D'Virfreed op d'Partie ass beim Danel Sinani a senge Matspiller grouss. Fir esou Matcher géing ee Futtball an engem volle Stadion spillen, sou de Spiller vum däitsche Bundesligist FC St. Pauli Danel Sinani am RTL-Interview. Ob elo Däitschland oder en anere Géigner, et wier ëmmer eng Éier, fir am Trikot vun der Lëtzebuerger Nationalekipp um Terrain kënnen ze stoen.
Den Allersmatch géint d'Ekipp vum Julian Nagelsmann hat den Danel Sinani wéinst enger Spär verpasst. D'Lëtzebuerger hate mat 0:4 de Kierzere gezunn. E Freideg den Owend wëlle si en anert Bild vu sech ofginn. Et wéilt ee vun Ufank u probéieren, net esou hannendra gedréckt ze ginn a méi héich ze verteidegen, sou de Lëtzebuerger.
De Lëtzebuerger Nationaltrainer Jeff Strasser geet dovunner aus, datt Däitschland genee wéi am Allersmatch vun Ufank un nees héich presse wäert. An de leschten Deeg hätt ee sech intensiv doropper preparéiert, et hätt ee sech eppes afale gelooss an dat missten d'Spiller dann elo e Freideg nach hikréien, sou de Jeff Strasser am RTL-Interview.
Wann esou e grousse Géigner op Lëtzebuerg kënnt, dann ass eng gewëssen Euphorie an der Populatioun do. Bei der Nationalekipp huet een déi lescht Deeg probéiert, fir sech op de Futtball ze konzentréieren. De Jeff Strasser hofft awer, datt e Freideg den Owend de Fonke vun der Ekipp op d'Tribüne wäert iwwersprangen an dat seng Ekipp nach emol wäert pushen.
Wat de Kader ugeet, huet de Jeff Strasser am RTL-Interview nach gesot, datt déi 24 Spiller alleguer gesond a prett wieren, fir opgestallt ze ginn.
Nach hunn d'Rout Léiwen an dëser WM-Qualifikatiounscampagne 0 Punkten um Kont. Däitschland steet zesumme mat der Slowakei mat 9 Punkten un der Spëtzt.
D'Rout Léiwe wäerten e Freideg dann och eng éischte Kéier mat deem neie Bus vun der FLF an de Stadion gefouert ginn. En Donneschdeg de Moien huet d'Lëtzebuerger Futtball-Federatioun dësen zu Monnerech presentéiert.
















































































































Vun 20 Auer un ass RTL e Freideg den Owend live fir Iech am Stade de Luxembourg beim Match Lëtzebuerg-Däitschland dobäi.
© RTL