Coupe am VolleyballFinall bei den Hären heescht Luerenzweiler géint Bartreng
Béid Ekippe konnte sech an hiren 1/2-Finalle vum Final Four zu Biissen jeeweils mat 3:0 behaapten. Bei den Dammen spillt an der Finall e Samschdeg Gym Volley géint RSR Walfer.
E Freideg den Owend goufe bei den Hären am Final Four zu Biissen béid 1/2-Finalle gespillt. Am éischten Duell vum Owend konnt sech de VC Luerenzweiler mat 3:0 (25:18, 25:18, 25:17) géint den Escher VBC behaapten a méi spéit gouf et eng weider 3:0-Victoire (25:16, 25:15, 29:27) fir de Volley Bartreng géint de VC Fenteng. D’Finall, déi schonn e Samschdeg um 20.00 Auer gespillt gëtt, heescht also Luerenzweiler géint Bartreng.
Bei den Damme stoungen d'1/2-Finalle schonn en Donneschdeg um Programm. Hei huet den Gym Volley mat 3:1 (25:20, 25:22, 16:25, 25:12) géint de VC Stengefort gewonnen an den RSR Walfer mat 3:0 (25:15, 25:18, 25:14) géint de VC Belair. An der Finall e Samschdeg um 17.30 Auer kënnt et also zum Duell tëscht dem Gym Volley an dem RSR Walfer.
Volleyball: Halleffinalle Coupe du Luxembourg: VB Luerenzweiler vs Escher VBC (27.2.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Volleyball: Halleffinalle Coupe du Luxembourg: Volley Bartreng vs VC Fenteng (27.2.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D’Resultater vun der Coupe am Volleyball
Hären
Dammen