Nieft de Lëtzebuerger waren e Freideg och nach weider Nationalekippen am Asaz. A fir Spannung war gesuergt, esou konnte schonns e puer Decisioune falen.

Am Grupp G hätten d'Hollänner bei enger Victoire géint Polen den Ticket fir d'WM zéie kënnen. Allerdéngs sinn d'Pole virun heemesche Public gutt an de Match gestart a konnte sech kuerz virun der Paus och fir hir Méie belounen. Et war de Kaminski, deen den 1:0 fir seng Faarwe markéiere konnt. An der zweeter Hallschent konnten d'Hollänner awer fréi duerch den Depay egaliséieren, soudatt de Match nees vëlleg oppe war. Allerdéngs sollte keng weider Goler falen. Holland a Polen trenne sech deemno 0:0. Am anere Match am Grupp zitt Finnland iwwerraschend mat 0:1 de Kierzere géint Malta. Dëst hate sech d'Finne sécherlech anescht virgestallt.

Am Grupp L geléngt et de Montenegriner e Réckstand géint Gibraltar ze dréinen. Waren d'Männer aus dem Balkan am Ufank 0:1 hannen, esou ka Montenegro sech no 90 Minutte mat 2:1 géint Gibraltar duerchsetzen. E Réckstand sollten och d'Kroaten ophuelen. Ware si och scho fréi mat 0:1 géint d'Spiller vu Färöer a Réckstand geroden, esou konnte si de Match um Enn souverän gewannen. Kroatien behaapt sech mat 3:1 géint Färöer. Mat dëser Victoire hu si sech elo och fir d'WM am nächste Joer qualifizéiert.

Am Grupp A tëscht der Slowakei an Nordirland kënne sech d'Slowaken duerch e spéide Gol mat 1:0 duerchsetzen.

Wéi d'Rout Léiwe sech géint Däitschland geschloen hunn, kënnt Dir an dësem Artikel noliesen.

Grupp G

Finnland - Malta 0:1
0:1 Grech (81')

Polen - Holland 1:1
1:0 Kaminski (43'), 1:1 Depay (47')

D'Resuméë vun de Matcher Finnland géint Malta an Holland géint Polen
Finnland veréiert géint den Underdog aus Malta, Holland a Polen trenne sech 1:1.

Grupp L

Kroatien - Färöer 3:1
0:1 Turi (16'), 1:1 Gvardiol (23'), 2:1 Musa (57'), 3:1 Vlasic (70')

Gibraltar - Montenegro 1:2
1:0 Jessop (20'), 1:1 Adzic (33'), 1:2 Krstovic (42')

D'Resuméë vun de Matcher Kroatien géint Färöer an Gibraltar géint Montenegro
An dësem Grupp ginn et keng Iwwerraschungen, béid Favoritte gewannen, woumat sech Kroatie qualifizéiert

Grupp A

Slowakei - Nordirland 1:0
1:0 Bobcek (90'+1)

De Resumé vum Match tëscht der Slowakei an Nordirland
Duerch e spéide Gol kënne sech d'Slowaken um Enn behaapten

All d'Resultater an d'Tabellen