Biissen wënnt géint de Racing
© Fernando Bernardino
Fir den Optakt vum 13. Spilldag konnt sech Biissen mat 3:0 géint de Racing behaapten.
De Racing stoung an der Ufanksphas kompakt um Terrain an huet et der Heemekipp schwéier gemaach, fir virun de Gol ze kommen. De Ferber konnt an der 16. Minutt den 1:0 fir Biissen markéieren. An der Suite koum vun de Gäscht net vill an d'Heemekipp huet et verpasst de Score an d'Luucht ze schrauwen. D'Gäscht hunn et no der Paus méi offensiv probéiert, de Mannone konnt fir Bissen an der 65. Minutt op 2:0 erhéijen. D'Heemekipp sollt d'Partie weider geréieren an de Rodrigues da Cruz konnt an der 81. Minutt mam 3:0 den Deckel op d'Partie maachen. Biissen bleift an der Tabell wieder am Spëtzegrupp, de Racing muss sech no ënnen orientéieren a steet den Ament op enger Relegatiounsplaz.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen. Den Iwwerbléck vun de Resultater
Biissen - Racing 3:0
1:0 Ferber (16'), 2:0 Mannone (65'), 3:0 Rodrigues da Cruz (81')