Lëtzebuerger Damme verléieren Testmatch géint d'Belsch
No enger gudder Leeschtung hu sech d'Rout Léiwinnen um Enn mat 28:33 géint Belsch misse geschloe ginn.
An der 1. Hallschent hunn d'Rout Léiwinne gutt géint de Favorit aus der Belsch matgehalen. No 8 Minutte stoung et 3:3 éier d'Gäscht de Rhythmus an d'Luucht geschrauft hunn. Nom 5:10 aus Siicht vun de Lëtzebuergerinnen no 13 Minutten huet et awer net gutt ausgesinn. D'Spillerinnen aus dem Grand-Duché hu sech awer nees erkrabbelt a konnten de Réckstand lues a lues ophuelen. An der 24. Minutt war ee beim 12:14 nees op zwee Goler erukomm, an der Paus war d'Belsch beim 15:14 just ee Gol am Avantage.
Direkt nom Säitewiessel huet Lëtzebuerg ausgeglach, an der Suite konnt Belsch awer nees op 3 Goler dovunzéien. Op en Neits gouf et eng Lëtzebuerger Reaktioun an de Réckstand gouf bis an déi 45. Minutt op ee Gol verkierzt. An der leschter Véierelsstonn hu sech d'Feeler bei Lëtzebuerg geheeft an d'Belsch huet de Virsprong op 4 Goler ausgebaut. An der 51. Minutt stoung et 29:25 fir de Favorit. D'Heemekipp huet alles aus sech erausgeholl, Belsch war um Enn ze staark an huet sech de Virsprong net méi huele gelooss. Lëtzebuerg huet géint Belsch schlussendlech mat 28:33 verluer.
De Match gouf am Kader vun offizieller Ouverture vum Centre sportif John Scheuren zu Uewerkuer gespillt. Et war den éischten offizielle Match, deen an der renovéierter Uewerkuerer Sportshal gespillt gouf, déi nom verstuerwene President vun der Red Boys, John Scheuren, benannt gouf. D’Gemeng Déifferdeng huet den Numm John Scheuren gewielt, well hien iwwer laang Joren d’Séil vum Handballveräin war an dacks d‘Roll vum Moderator iwwerholl huet, fir Problemer ze léisen. De John Scheuren, de Brudder vum aktuellen Nationaltrainer an Trainer vun Déifferdeng Michel Scheuren, hat 1974 seng éischt Lizenz bei der Red Boys gemaach a gouf 1986 Sekretär, éier hien 2016 de Poste vum President vum Gast Seil bis zu sengem Doud 2021 iwwerholl hat.
De John Scheuren (lénks) um Mikro vum Serge Olmo. / © Val Wagner (Archiv)